
© Eldoradio
Lëtzebuerg hat alles, just keng Glühwäi-Kinnigin. Dat huet sech um Méinden Owend um Wantermaart geännert. Am Kader vum traditionelle Gratis Glühwäin vun Eldoradio, ass d'Caroline als éischt Glühwäi-Kinnigin ausgezeechent ginn. Wéi ganz vill Anerer huet hat eis seng Glüwäin-Foto erageschéckt. Iwwerzeegt huet eis Eldo-Jury virun allem d'Kroun déi enger Kinnigin wierdeg ass.
De Sebastian dogéint huet duerch säi ganz besonnesche Kostüm op sech Opmierksam gemaach!
D'Eldo Glühwäi-Kinnigin & -Kinnek Aktioun wäert genee esou wéi de Gratis Glühwäin och am Joer 2019 an eng nei Ronn goen!


En decke Merci un all d'Participanten.