
© Eldo
D'Chrëschtzäit ass scho voll am Gaang an d'Chrëschtbeemercher gi lues a lues opgestallt a gerëscht. Dat awer net nëmmen doheem mä och emol gären op der Aarbecht, do verbréngt ee jo schliisslech e groussen Deel vu senger Zäit an et wëllt een sech wuel fillen. Mä ass esou Deko op der Aarbechtsplaz iwwerhaapt erlaabt a kann de Chef engem déi verbidden?
Salariéeën hunn e Recht op e Privatliewen a Meenungsfräiheet
Ganz einfach ass d'Fro no de Reegele wat d'Dekoratioun op der Aarbechtsplaz ugeet net. Virop ass op d'Fräiheet vum Patron hinzeweisen, dee seng Entreprise esou ka gestalten, wéi e mengt, dass et am beschten ass.
Ma d'Martine Mirkes vun der Chambre des Salariés betount awer, dass och d'Salariéen an deem Kontext Rechter hunn. An zwar déi op reliéis a politesch Meenungsfräiheet.
Sécherheet geet vir
Limitte kann d'Dekoratioun awer hunn, wann dës eng Gefor fir d'Sécherheet ass. Bei Käerzen, déi eng Brandgefor duerstelle kann de Patron d'Ufänken also verbidden, well et ass hien, deen d'Sécherheet muss garantéieren. Dat selwecht gëllt z.B. wann e Chrëschtbeemchen um Büro e Fluchtwee blockéiert. Natierlech ass et och bei Dekoratiounen de Fall, déi eventuell negativ Auswierkungen op d'Hygiène hunn.
Neutralitéit no bausse weisen
Elo stellt sech awer d'Fro, ob de Patron, deen z.B. Wäert op Neutralitéit a sengem Betrib leet, verschidde reliéis oder politeschen Zeechen dierf verbidden, och wann de Salarié e Recht op politesch a reliéis Meenung huet. An deem Sënn huet den europäesche Geriichtshaff an 2 Fäll decidéiert, dass en dat an enger gewëssener Limitt schonn dierf erkläert d'Martine Mirkes. Éischtens huet de Patron d'Recht engem Zeechen oder Dekoratioun ze verbidden, wann déi Kontakt mat Clienten, Fournisseuren oder soss Persounen hunn. Dat fir den Image vun enger Entreprise no baussen ze weisen.
Dat muss dann och fir all Betraffene gëllen an net just fir eenzel Persounen. Déi zweete Bedingung ass, dass de Patron dëst am interne Reglement och esou festhält. Am Resumé heescht dat, dass de Patron also Aschränkunge wat Dekoratioun ugeet dierf maachen, dat awer nëmmen an den uewe genannte Limitten. Kënnt e Salarié net mat Clienten oder Fournisseuren a Kontakt a stellt d'Dekoratioun keng Gefor fir d'Gesondheet oder d'Hygiène duer, ginn et u sech keng Aschränkungen.