
© YouTube Screenshot
"when you play the game of thrones, you win or you die." – Ganz no deem Motto kann een sech bei der Serie ni sécher sinn op engem säi Liiblingscharakter iwwerlieft oder eben net. D'Maacher vu Game of Thrones hate bis elo op alle Fall keng Problemer domat, beléifte Personnagen abrupt stierwen ze loossen. Kee Wonner datt d’Fans sech elo, wou et an déi 8. an domat leschte Staffel geet, froe wien ab Abrëll dru gleewe muss.
Wiem d’Spannung einfach ze vill gëtt, deem kënne Fuerscher vum australeschen Institut fir Gesondheetsinnovatioun vun der Macquarie University zu Sidney villäicht weiderhëllefen. Dës hunn nämlech d’Doudesfäll aus deenen éischte 7 Staffelen analyséiert an d’Resultater ausgewäert fir zukünfteg Prognosen ze stellen. Fazit: Vun 330 wichtege Charakteren déi a Game of Thrones ze gesi waren, si 56% schonn ëmbruecht ginn.
Bei neie Figure besteet eng Chance vu 14% datt se innerhalb vun der éischter Stonn vun der Show stierwen. Déi meescht Personnagen erleien iwwregens u Blessurë – dacks um Kapp an um Hals -, ma och Verbrennungen a Gëft sinn an der Serie eng beléiften Doudesursaach. D’Iwwerliewenszäit geet vun 11 Sekonne bis zu 57 Stonnen a 15 Minutten, duerchschnëttlech kréien Neier also 29 Stonnen Zäit fir d’GoT-Liewen ze genéissen.
Gutt Iwwerliewenschancen hunn iwwerdeems Fraen, déi een héije Geburtsstatus, awer keng grouss Bedeitung, hunn. Och Figuren, déi net loyal sinn, liewe wann et no de Fuerscher geet méi laang, dat souguer em 65%. Am Kloertext gesäit et also schlecht aus fir all d’Personnagen déi männlech, trei, prominent a vu geréngem Gebuertsrang sinn.
Et wär allerdéngs net Game of Thrones, wann d’Maacher vun der Serie net nach deen een oder anere Schock-Moment fir d’Zuschauer op Lager hätten.
An deem Sënn: