Faarwe Rout a GréngWisou verbanne mer Chrëschtdag mat bestëmmte Faarwen?

Wat nach zu Chrëschtdag gehéiert? D'Faarwe Rout a Gréng, well – déi verbënnt een traditionell mat der Chrëschtzäit. Mee wisou eigentlech?

Leschten Update: 12.12.2018, 06:40:18

© Pexels

Fir vill Leit sinn d'Chrëschtdeeg déi schéinsten Zäit am Joer – et ass ee mat der Famill zesummen, et ësst ee gutt an et léisst ee sech et och soss gutt goen. Wat nach zu Chrëschtdag gehéiert? D'Faarwe Rout a Gréng, well – déi verbënnt een traditionell mat der Chrëschtzäit. Mee wisou eigentlech?

Fänke mer u bei de gréngen Dännen.
Gréng Beem oder och Planze stinn ënnert anerem fir Liewenskraaft an Hoffnung wärend den däischtere Wanterméint. Iwwert d'Diere sinn deemools virum Joreswiessel gréng Planze gehaange ginn, fir béis Geeschter ewech ze halen. Aus deem Grond hunn d'Leit d'Beem schonn am Mëttelalter an hir Stuff gestallt oder fir Feieren a Fester opgeriicht. Iergendwann waren di gréng Dännen net méi aus de Stuffen ewech ze denken.

Wat déi rout Faarf ugeet, do geet et éischter an déi chrëschtlech Richtung...
...ma do gëtt et awer och nach en aneren, méi moderne Grond. D'Mark Cola-Cola huet ganz vill dozou bäigedroen, datt mir déi rout Faarf vun hirem Santa Claus mat Chrëschtdag a Relatioun setzen. Am Joer 1931 hat di éischt Coca-Cola-Reklamm mam éischter korpulenten Här am roude Mantel hir Premiere.

D'Firmefaarf Rout huet deemno perfekt an d'Konzept vum Santa Claus gepasst – fréier war dësen nämlech och a bloen oder bronge Mantel illustréiert ginn. Domat ass et eng Kombinatioun vu Relioun a modernem Marketing, datt den Duo Rout/Gréng zu de Chrëschtdeeg dozougehéiert.