
© Eldoradio
Wisou ass dat dann esou? Dës Reegelung kënnt net vun iergendwou, mee ass international esou festgeluecht. Grond dofir ass d'Optriede vun engem onerwaarten Eeschtfall, wéi eng Noutlandung oder och Feier an der Kabinn. Wann de Siichtschutz erof gezu wier, kéinten d'Rettungsequippe vu baussen net an de Fliger eragesinn, fir sech en éischt Bild vun der Situatioun ze maachen.
Dat Nämmlecht gëllt fir d'Fluchbegleeder am Fliger selwer. Missten si all eenzele Passagéier dozou opfuerderen, d'Lueden nees opzemaachen, géif an engem Eeschtfall wäertvoll Zäit verluer goen. Sou hunn si direkt en Iwwerbléck iwwert d'Situatioun bausse vum Fliger a kënnen effikass reagéieren. Wann et nämlech zu enger Evakuéierung vun der Maschinn kënnt, zielt all Sekonn.
Ma et ass awer net just d'Sécherheet vun de Passagéier, déi natierlech Prioritéit huet. E weidere Grond ass d'Luucht bausse vum Fliger: Ass de Siichtschutz erop, kënnen sech eis Aen direkt un d'Verhältnisser dobausse winnen an et fält eis méi einfach, an enger seriöer Situatioun direkt ze reagéieren. Dat ass dann och de Grond, wisou d'Luucht am Fliger selwer beim Start wéi och bei der Landung méi däischter gemaach gëtt.