Kee Brexit-DealWat wieren d'Optioune bei engem Echec?

De Moment stinn all Zeenarioe fir d'Scheedung tëscht EU a Groussbritannien op. Och eng Annulatioun vum Brexit wier nach méiglech.

Leschten Update: 12.12.2018, 18:15:23

© Daniel LEAL-OLIVAS / AFP

De Brexit-Deal tëscht der EU a Groussbritannien stéisst am britesche Parlament op massiv Kritik an dofir war jo schonn d'Ofstëmmung, déi u sech fir gëschter ugesat gi war, verréckelt ginn. Fir dass den Accord awer nach zustane kënnt probéiert déi britesch Premierministesch Theresa May elo Zougeständnesser vun den EU-Verhandlungspartner ze kréien. Ma déi haten dëst an de leschten Deeg kategoresch ausgeschloss, och wann den Donneschdeg nach emol doriwwer diskutéiert gëtt, wéi een den Deal nach kéint retten.

Ma et ginn nach eng Rëtsch Zeenarioen, wéi de Brexit duerno kéint oflafen.

Noverhandlungen oder en „haarde Brexit“

Enn Mäerz soll den Accord e geuerdenten Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU erméiglechen. Dono gesäit et de Moment awer net aus, dofir ass eng Méiglechkeet, dass noverhandelt gëtt. Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet dëst awer schon ausgeschloss ma „Kloerstellungen“ an „Interpretatiounen“ an Aussicht gestallt.

Eng aner Méiglechkeet wier e Brexit ouni Ofkommes, ma dat géif mat sech bréngen, dass d'Bezéiungen tëscht EU a Groussbritannien op ee Coup Geschicht wieren. Fligere missten da wuel um Buedem bleiwen, Wuere kéinten net méi ausgeliwwert ginn a Leit géifen op de Grenze festhänken. An deem Fall misste wuel en Noutfall-Accord fonnt ginn fir e komplette Chaos ze evitéieren.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Annulatioun vum Brexit bleift eng Optioun

Eng drëtt Méiglechkeet wieren Neiwalen oder e Regierungswiessel, ma och da wier nach keen Accord do.

En neie Referendum, wéi en sech der vill wënsche wier eng weider Méiglechkeet. Doraus kéint dann och de Verbleif an der EU ervir goen. Fir den Europäesche Geriichtshaff wier dëst op d'mannst rechtlech méiglech, och ouni Accord vun den EU-Memberlänner. Ma ganz esou einfach ass dat net, well eben d'Zäit fir esou e Referendum ze organiséiere knapp gëtt. Experte schätzen déi néideg Zäit op 5 Méint.

Hallef Memberschaft“ wier och nach méiglech

Och eng Memberschaft nom Norwegen-Modell wier als Léisung denkbar. Domat géif een am Europäesche Wirtschaftsraum an am EU-Bannemaart bleiwen, ma et misst ee weider e Bäitrag bezuelen, während verschidde Rechter géifen ewechfalen.

An um Enn wier eng lescht Méiglechkeet nach d'Deadline fir den Austrëtt no hannen ze verréckelen. Deem missten d'EU-Memberstaaten dann awer eestëmmeg zoustëmmen. Ma Enn Mee si jo schonn d'Europawalen. An deem Fall missten da britesch Europadeputéiert gewielt ginn, déi nom Brexit dann erëm misste goen.