Rumeuren ëm Talkshow-AusHält d'Ellen DeGeneres op?

Net just an den USA ass d'Ellen DeGeneres bekannt, och bei eis huet ee scho mol vun him héieren, virun allem duerch seng eegen Talk-Show.

Leschten Update: 13.12.2018, 09:43:09

© FREDERIC J. BROWN / AFP

Déi beléiften US-Moderatrice Ellen DeGeneres soll momentan driwwer nodenken, mat hirer Talkshow opzehalen. Dat sollt d'DeGeneres géintiwwer der New York Times zouginn hunn. Et war drëms gaangen, de Vertrag vun der "The Ellen DeGeneres Show" bis d'Joer 2020 ze verlängeren - hei soll sech d'Moderatrice awer net méi sécher gewiescht sinn, ob si dat nach wéilt.

Hir Fra wéi och hire Brudder sollte bei der Decisioun hëllefen an hunn awer komplett ënnerschiddlech Meenungen dozou: Hire Brudder wëll, datt d'DeGeneres mat der Show weider mécht, hir Fra mengt, datt d'DeGeneres d'Show net braucht, well si esou eng gutt Comedian a brillant Schauspillerin wier.

Mir op alle Fall hoffen, datt d'Ellen DeGeneres déi richteg Decisioun hëlt...