
© Eldoradio
Op Plaz 1 vun de meescht gesichte Begrëffer weltwäit huet et d'Fussballweltmeeschterschaft a Russland gepackt. Och dëst Joer sinn nees bekannt Gréisste vun eis gaangen: Déi nächst 3 Plaze ginn domat vu Museker a Schauspiller beluecht, déi verstuerwe sinn. Dat sinn den DJ Avicii, de Rapper Mac Miller an US-Comicauteur Stan Lee. Och de Film "Black Panther" packt et an Top 5 vun de Search Trends.
— stan lee (@TheRealStanLee) 12. November 2018
Wat elo deen een oder aneren iwwerrasche wäert: Weltwäit ass op Plaz 3 vun de meescht gesichte Museker den däitsche Sänger Daniel Küblböck ze fannen. Hie war leschten August vun engem Croisièresschëff gesprongen an zanterdeem net méi erëm fonnt ginn. Nieft him sinn och d'Cardi B oder den Travis Scott am Klassement vertrueden.
Theme vum Joer waren dann nieft der Zäitëmstellung och Mounddäischtert Enn Juli oder d'Hochzäit vum Meghan Markle a Prënz Harry. D'Meghan Markle ass och an der Kategorie vun de meescht gesichte Persoune vertrueden, d'nämmlecht wéi d'Demi Lovato, de Sylvester Stallone an de Stephen Hawking. Och an der Kategorie Filmer ass "Black Panther" mat vir dobäi op den anere Plaze fënnt een "Deadpool 2", "Avengers: Infitity War" oder och e Film, deen eréischt Enn Oktober bei eis an d'Kinoe komm ass: "Bohemian Rhapsody".
Are you ready? Are you ready for this? Are you hanging on the edge of your seat? Watch the final trailer for #BohemianRhapsody now. In theaters next week! pic.twitter.com/bXZehVLSg8
— Bohemian Rhapsody (@BoRhapMovie) 25. Oktober 2018
An der Kategorie Froen ass dann en Déierche vertrueden, wat wärend dem Summer och bei eis fir vill Opreegung gesuergt huet. Riets ass vum sougenannten Eichenprozessionsspinner. Aner vläicht méi kuriéis Froe waren ënnert anerem wéi vill Wochen e Joer huet, wou de Mound läit oder wéi d'Mamm vum Niki Lauda heescht...
Lauschtert hei de komplette Reportage