
© Pixabay
Spannennetzer gesäit een der vill an der Natur. Blöd, wann een se awer ze spéit gesäit, duerchleeft an dat ganzt Netz am Gesiicht hänken huet. Ma iergendwéi si se awer faszinant, wann ee bedenkt, dass esou e klengt Déier et fäerdeg bréngt, en Netz tëscht Äscht ze spannen, déi deels Meteren ausernee stinn. Ma wéi mécht d'Spann et iwwerhaapt, fir deen éischte Fuedem ze zéien?
Schéisse, sprangen oder wanderen?
D'Äntwert ass net wierklech spektakulär. Ganz einfach de Fuedem dohi schéisse wou een e wëllt, dat ass eppes fir de Spiderman an net fir eng richteg Spann. Och wann et verschidde Spanne ginn, déi sprange kënnen ass och dat keng Optioun. Déi bauen nämlech fir d'Juegd an der Reegel keng Netzer. Mä et geet hei ëm déi Spannen, déi mir kennen, also déi, déi déi bekannte Radnetzer bauen. An déi maachen sech fir deen éischte Fuedem, deen d'Grondgerüst fir en Netz ass nawell uerdentlech Aarbecht.
Elo ginn et zwou verschidde Methoden. An zwar gëtt fir déi éischt den Ufank z.B. un engem Aascht festgemaach an da mécht d'Spann sech zu Fouss op de Wee fir op där anerer Säit d'Enn festzemaachen. Dobäi gëtt de Fuedem, deen aus der Drüs am Hënneschte vun der Spann eraus kënnt, hannert sech hir gezunn.
De Wand als Transportmëttel
Aner Spanne verloossen sech fir deen éischte Fuedem op de Wand. Si klammen op e méi héije Punkt, waarde bis de Wand staark genuch ass, riichten hiren Hënneschten an d'Luucht a produzéieren dann de Fuedem. Well deen 200 mol méi dënn ass wéi d'Hoer vun engem Mënsch, geet schonn e klenge Wandstouss duer, fir de Fuedem ze beweegen. Dee bleift iergendwou hänken, dat anert Enn gëtt festgemaach a wann e stabil genuch ass, da verstäerkt d'Spann dëse Grondfuedem. An da geet et eben dru, fir d'Netz auszebauen, dat dauert ofhängeg vun der Gréisst tëscht 20 an 30 Minutten.
Distanze bis zu 25 Meter méiglech
E bësse méi laang dierft wuel awer eng Spannenzort brauchen, déi 2009 entdeckt ginn ass. Déi bréngt et nämlech mat där 2. Method fäerdeg, Netzer iwwer ganz Flëss kënnen ze Zéien. Dobäi kann de Grondfuedem bis zu 25 Meter laang ginn an d'Netz kann duerno bal 3 Quadratmeter grouss ginn.