
© Eldoradio
Fir et ganz einfach ze erklären: Mir um Eldo hunn en eegene Bétisier-Dossier, wou all d'Dommheeten, déi an engem Joer iwwert d'Antenne ginn dra gespäichert ginn. Entweder déi concernéiert Persoun späichert seng Dommheet selwer oder et ass en Aneren aus der Equipe, deen se héieren huet a se séier späichert!
Dir konnt 10 Deeg laang fir äre Favoritte voten. Mir soen iwwer 850 Leit Merci fir ofstëmmen.
Mat 49% huet eise Ben Eich (Nummer 5) sech géint eise Massimo (Nummer 1) mat senge 37 % duerchgesat.
D'Opléisung Live am Studio

Hei ass nach eng Kéier eis Top 5 mam der Nummer 5 als grousse Gewënner:
Nummer 1:
Eise Massimo war op engem Samschde Moien am Abrëll komplett vun der Roll. En hat wuel eng voll Blos:
Nummer 2:
Am Mäerz huet eise fréiere Mataarbechter David Winter de falschen News-Knäppche geluede gehat. D'Resultat héiert sech esou un:
Nummer 3:
Wann eist Sarah beim Serrig am Studio ass an de Chef nach am Kapp huet, da kann et eise Site mol vergiessen:
Nummer 4:
Zwou Uertschaften, zwee Nimm an de falschen Ufanksbuschtaf. Dat ginn och ëmmer schéin Tuddler, David:
Nummer 5:
Wéi ee vu Krich op Kichelcher kënnt, dat ass a bleift bis haut eisem Ben Eich säi Geheimnis. Bei eis gehéiert eisen Newsredakter zur Top 5 vum Joer:
An hei d'Endresultat:
