Héichpunkt den 14. + 15. DezemberBis zu 120 Stäreschnäize pro Stonn!

Dëst Joer hate mer schonn e puer Mol d'Occasioun, Honnerte Stäreschnäize beieneen ze gesinn - am Dezember ass dat och nees de Fall!

Leschten Update: 15.12.2018, 14:40:51

© Pixabay

Wéi schonn am August mat de Perseiden an am November mat de Leoniden, ass et elo un de sougenannte Geminiden. Mat dësen Nimm gi verschidde Meteor-Schauer bezeechent, ëmgangssproochlech schwätzt een hei vu "Sternschnuppen", op Lëtzebuergesch och nach Stäreschnäize genannt.

Vu wou kommen d'Geminiden?
Fänke mer ganz vir un. Wisou schwätze mir vum Geminiden-Stroum? De Begrëff kënnt vum englesche Wuert "Gemini", wat Zwilling heescht. An dësem Kontext ass d'Stärebild gemengt - Aus der Richtung vum Stärebild Zwilling kommen d'Stäreschnäizen nämlech.

Wéini a wou kann een déi meeschte Stäreschnäize gesinn?
De Geminiden-Stroum konnt een eigentlech schonn Ufank Dezember gesinn, méi interessant ass awer elo, datt den Héichpunkt vun dësem Stroum op freides a samschdes fält. Scho lescht Nuecht a wärend de fréiere Moiesstonnen e Freideg konnt een der deemno vill gesinn, ma och nach e Freideg den Owend no 23.00 Auer huet een awer weider Chance.

Am beschte geet een op eng Plaz, déi net onbedéngt am Zentrum läit. Et sollt beschtefalls méi däischter sinn, datt een d'Stäreschnäize gutt gesäit. Eenzegen Nodeel ass vläicht d'Wieder, wat am Dezember jo bekanntlech net esou matspillt. Well et eben dëse Mount kal an dréif ass, erschwéieren d'Wiederkonditiounen de Spektakel um Himmel ze gesinn.

Wéi vill Stäreschnäize pro Stonn si méiglech?
Bei de Leoniden-Stäreschnäizen am November ware ronn 100 Stéck pro Stonn méiglech. Dës Zuel gëtt elo getoppt, well ee pro Stonn bis zu 120 Stäreschnäize gesi kann. Dowéinst ass dëse Meteor-Stroum och souzesoen dee beléiftsten

Huet een dëst Joer nach eemol d'Méiglechkeet op esou e Meteor-Stroum?
Domat ass et fir dëst Joer awer net fäerdeg, Enn Dezember kënnt e weidere Stäreschnäizen-Schwarm op eis duer: Riets geet vun de sougenannten Ursiden. An der Nuecht vum 22. op den 23. Dezember erreechen dës dann hire Maximum.