Life of Bryan - Into the Spider-VerseDe beschte Spider-Man Film?

Mat Into the Spider-Verse probéiert sech Sony un engem animéierte Spider-Man Film. Ech sinn e kucke gaangen an kann iech hei mäi Fazit ginn.

Leschten Update: 15.12.2018, 14:40:42

© 2018 CTMG

Spider-Man: Into The Spider-Verse adaptéiert ee Konzept aus de Marvel Comics, bei deem ech nimools geduecht hunn, dass mer et op der grousser Leinwand géinge gesinn: d’Marvel Multi-Verse! Dat wëll heeschen, dass et méi wéi eng Dimensioun gëtt a fir op de Film zeréckzekommen, méi wéi nëmmen ee Spider-Man.



Spider-Man: Into the Spider-Verse ass mäi Film vum Joer. Ech weess net, wéi ech aneschters ufänke kéint, fir dee Film ze beschreiwen. Mat Into the Spider-Verse huet Sony wuel eent vun de verrécktste Konzepter aus de Comics zum Liewen erwächt a se hunn et mat ongleeflecher Bravour gemaach.

Mam Miles Morales am Fokus vun enger typescher Origin Story, erzielt de Film eng simpel mee interessant Geschicht à la Pixar, fir déi eenzegaarteg Dynamik tëscht verschiddene Spider-People ze weisen. An de Film probéiert och guer net iergendwéi realistesch oder seriö ze sinn.

Sony huet sech stilistesch mat onheemlecher Sécherheet a mat vill Léift zum Detail an di absurd Comicbuch Ästhetik gestierzt a liwwert domadder eng eenzegaarteg Erfarung, bei där ech d'3D-Technologie nëmmen empfeele kann. Et ass eng "Achterbahnfahrt", déi ouni Paus tëscht Action, Witz an Drama ronderëm sprengt a mech keng Sekonn lassgelooss huet.

Spider-Man: Into the Spider-Verse ass ee spektakulären Hommage un d'Originne vum Charakter a méiglecherweis de beschte Spider-Man Film bis elo. Et ass d'Uso, dass meeschterhaft Animatiounsfilmer vun anere Studioe wéi just vu Pixar kënne kommen an en Zeechen, dass deep Comicbuch-  an Nerdkultur e weidere Schrëtt an de Mainstream gemaach huet.

Superior. Spectacular. Amazing.

© Columbia Pictures/Sony