
© Unsplash
Den Debat iwwert ee méi spéiden Schoulufank kënnt ëmmer nees op: op d’Schüler elo dovu profitéieren oder op de Problem just no hanne verréckelt gëtt, ass bis ewell nach net genuch erfuerscht. Eng nei Etüd liwwert elo nei Donnée’en dozou: Zu Seattle am US-Bundesstaat Washington gouf de Schoulufank ëm eng knapp Stonn no hanne verluecht. Biologen hu getest, wéi dat sech op d’Schlofdauer vun deene Jonken auswierkt. Well eigentlech sollen Teenager an der Nuecht 8 bis 10 Stonne schlofen. Wéi eng fréier Etüd aus den USA weist, packt et awer just e Véierel op de Minimum vun 8 Stonnen.
Fir di aktuell Etüd hunn d’Fuerscher d’Schlofverhalen vun 180 Schüler op zwou Highschools zu Seattle ënnersicht. An zwar als éischt 2016, wéi den Unterrecht um 7h50 ugefaangen huet, an dunn 2017, wéi d’Schoul um 8h45 lass gaangen ass. Resultat: d’Schüler kruten duerch dee méi spéide Schoulufank tatsächlech méi Schlof. Si konnten méi laang ausschlofen, sinn awer dowéinst net onbedéngt méi spéit an d’Bett gaangen. Wéi d’Fuerscher betounen, verréckelt de Schlof- Rhythmus sech wärend der Pubertéit nämlech no hannen. Jugendlecher gi méi spéit midd wéi Kanner an Erwuessener. Et bréngt also näischt, Teenager méi fréi an d’Bett ze schécken, soen Schloffuerscher.
Aus der Siicht vun der Chronobiologie ass ee méi spéiden Schoulufank bei méi eelere Schüler also sënnvoll. Zu Seattle waren d‘Teenager duerch dee méi spéiden Schoulufank an de Coursen méi opmierksam a manner schléifreg. Si hunn déi éischt Schoulstonn manner oft verpasst a koume generell méi seelen ze spéit.