
© afp
De Musekswëssenschaftler Joe Bennett vum renomméierten Boston Conservatory at Berkeley huet mat sengem Team Spotify-Donnée‘en ausgewäert, fir eraus ze fannen, wéi eng Lidder viru Chrëschtdag besonnesch beléift sinn, a wat si gemeinsam hunn.
D‘Fuerscher hunn déi 200 Lidder analyséiert, déi a Groussbritannien an der Woch viru Chrëschtdag am heefegsten gespillt ginn. 78 dovun sinn Chrëschtdags- oder Feierdagslidder. Dës Selektioun gouf vum Joe Bennett a senger Equipe méi genee analyséiert.
Eraus komm ass dobäi dat hei: Di allermeescht vun de Lidder, nämlech 95 Prozent, waren an enger Dur-Tounart geschriwwen, an 49 Prozent goufen Schlitteglacken benotzt („sleigh bells“) a ganzer 13 Prozent vun dëse Chrëschtdagslidder goufe vum Michael Bublé gesongen. 9 verschidden Themen konnten d‘Wëssenschaftler an den Songtexter ausmaachen, dorënner „Heemecht“, „Verléift sinn“ a „Santa Claus“.
Sou wäit wéineg iwwerraschend. Witzeg ass elo, dass de britesche Songwriter Steve Anderson, bekannt duerch Produktiounen fir Take That, Britney Spears an Kylie Minogue, des Etüd als Basis geholl huet, fir dee perfekten Chrëschtdagssong ze schreiwen.
„Love’s not just for Christmas“ heescht säi perfekte Chrëschtdagssong: Ganzer 21 Mol kënnt hei d‘Wuert „Christmas“ vir, an och soss kléngt de Song ganz… no Chrëschtdag.