Ob Bestrofung, Spiller oder nei Symboler Bei dëse roude Luuchte gëtt et net langweileg

Uechter d'Welt gëtt mat ëmmer neie Methode probéiert d'Leit dozou ze kréien déi Rout Luucht ze respektéieren.

Leschten Update: 14.12.2018, 16:44:08

© Pixabay

Kee vun eis steet gäre bei der Roude Luucht, ob en elo am Auto sëtzt, Vëlo fiert oder zu Fouss ënnerwee ass. An dach géif an deene meeschte Länner näischt ouni Rout Luucht lafen. Stellt iech dee Chaos vir. Dofir ginn et eleng um Territoire vun der Stad 216 Kräizunge mat Luuchten, déi de Verkéier reegelen. Méi speziell sinn dobäi déi 227 blannegerecht Luuchte mat Knäppercher, déi vibréieren an nach emol 142 Luuchten, déi en akustescht Signal ofginn.

Speziell Luuchte fir Handy-Notzer

Z.B. a Bodegraven an Holland, do goufe bei de roude Luuchten zousätzlech och nach LED-Linnen um Trottoir, also virum Zebrasträif installéiert. An dat ganz einfach fir déi Leit, déi sech net vun hirem Handy léise kënnen. Kuckt een also am goen op der Schierm, da gesäit een och hei ouni opzekucken, ob een dann elo ka goen oder net. Während d'Stad domat op den Trend reagéiere wëllt kritiséiert de Verkéiersverbond awer, dass dat eng Kapitulatioun virun der Situatioun wier. Esou géif ee Foussgänger erunzéien, déi guer net méi op der Verkéier géifen oppassen.



Mat StreetPong d'Zäit ëmkréien

Méi skurril ass eng Iddi vu Studente vun der Héichschoul fir Wëssenschaft a Konscht zu Hildesheim an Däitschland. An zwar hunn déi eng sougenannte StreetPong-Luucht op enger Kräizung opgeriicht. Op den 2 Stroossesäiten ass dann e Bildschierm um Luuchtepotto festgemaach, esou laang, wéi ee waarde muss kann een da géintenee spillen. Net esou spaasseg ass eng Virriichtung a China.



Warne, bestrofen an ëffentlech uprangeren

An der Stad Daye an der chinesescher Provënz Hubei gi Leit, déi bei Rout iwwer d'Strooss gi vun enger automatescher Anlag mat Waasser besprëtzt, dat awer eréischt nodeems se vun där verbal gewarnt gi sinn. Zousätzlech ginn d'Leit da fotograféiert a vun der Police identifizéiert. Vun do u gi se dann um Bildschierm nieft dem Luuchtepotto gewisen. Dat huet dach e bëssen eppes vun engem Pranger am Mëttelalter.

Homosexuell Luuchte suerge fir Opreegung

Dat géif op d'mannst bei eis awer wuel fir Opreegung suergen, d'selwecht wéi Luuchten, déi zu Köln sollten installéiert ginn. Déi sollten als Symbol op der Luucht amplaz de gewinnte Stréchmännchen, de steet oder ebe geet, weisen eng homosexuell Koppel weisen. Dat huet d'Stadverwaltung awer mat der Begrënnung refuséiert, et dierft laut Gesetz op Luuchten ëmmer nëmmen eng Persoun ze gesi sinn. Komescherweis waren esou Symboler zu Frankfurt, Flensburg oder München kee Problem.