
© pexels.com
Ëm d’Chrëschtdagszäit huet all Natioun jo seng eegen Traditiounen – an och hei a Groussbritannien ass dat net aneschtes. Virun allem a Punkto Musek gëtt et hei ee Brauch, deen esou wahrscheinlech zimlech eenzegaarteg op der Welt ass. Dat Lidd, dat nämlech Chrëschtdag op Plaz Nummer 1 vun de britesche Single Charts steet, ass ganz offiziell d’Christmas Number One vun deem Joer. Wat vläicht banal kléngt, ass awer mat immens vill Prestige verbonnen, an all Joer kuerz virun der Chrëschtdagszäit verëffentleche Museker Lidder, mat deenen se hoffen dat Joer op den Troun kënnen ze klammen.
Lauschtert hei de Reportage:
Zënter 1952 gëtt et dës Auszeechnung schonn an zu de vergaange Gewënner zielen ënnert anerem den Tom Jones, d’Beatles, Pink Floyd, Queen, d’Whitney Houston oder awer och d’Spice Girls an de Bob der Baumeister. Tëscht 2005 a 2014 hu bal all Joer d’Gewënner vun der Castingshow X Factor d’Christmas Number One beluet – mä zënter 2015 schéngt dësen Trend eriwwer ze sinn.
Dëst Joer stinn d’Chance dann fir d’Ariana Grande ganz gutt. Mat sengem Lidd “Thank U, Next” ass hat schonn 2 Woche laang op der éischter Plaz vun den Charts. Mä och dem Mark Ronson a Miley Cyrus säin “Nothing Breaks like a Heart” a souguer “All I want for Christmas is you” vum Mariah Carey gi gutt Chancen zougesot. Wien dann d’Christmas Number 1 dëst Joer gëtt, gi mer e Freideg gewuer.
Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter