JoreshoroskopWat bréngt Iech 2019? Wat soen d'Stären?

Mir hunn alleguer eent, kënnen et zwar net upaken, mee gesinn et owes um Himmel. Riets ass vum Stärenzeechen.

Leschten Update: 02.01.2019, 05:31:05

© Unsplash

Ob dir elo un Horoskop-Viraussoe gleeft oder net, eist Schicksal fir 2019 ass unhand vun eise Stärenzeechen elo scho festgeluecht.

Waassermann

Äert Joer fänkt komplizéiert un: An der Karriär leeft et net ëmmer esou wéi geplangt an och gesondheetlech kéint et iech besser goen.
Vu Juli un dréine sech d'Saachen dann allerdéngs ëm 180 Grad.

Fësch

Duerchhalverméigen ass 2019 immens wichteg fir iech! Dir wäert iech villen Aufgabe stelle mussen, déi och net ëmmer ganz einfach ze léise sinn, mä wann dir iech drun haalt, kënnt dir am neie Joer alles packen an dann och vun äre Resultater profitéieren.

Widder

Wat d'Léift ugeet, waart tëscht Mee a Juli eng besonnesch schéin Iwwerraschung op Iech. Fir de Rescht heescht et, huelt näischt ze vill eescht, mee haalt iwwerall un ärer Meenung fest.

Stéier

Alles géigeniwwer deem dir 2018 nach skeptesch waart, soll dir 2019 mat oppenen Äerm begréissen.
Wann dir dat fäerdeg bréngt, wäert dir och iwwerrascht vun de positiven Auswierkunge sinn.

Zwilling

Dir profitéiert vun engem super Immunsystem a bleift deemno dat ganzt Joer iwwer relativ gesond. Dovun ofgesinn, kënnt dir och am Beruff dëst Joer richteg glänzen, wat och net onerkannt wäert bleiwen.

Kriibs

Iech wäerten sech vill Versuchungen an de Wee stellen, déi am Ufank zimlech gutt wierken, mee deenen dir op kee Fall verfalen dierft. Wie sech net beherrscht, wäert sech do Problemer siche goen.

© Unsplash



Léiw

2019 gëtt äert Joer! Dir sidd kreativ a clever, wat dozou féiert, dass sech iech souwuel berufflech wéi och privat vill Chance wäerte bidden.
Wichteg ass allem positiv entgéint ze trieden.

Jongfra

Wa wierklech näischt méi klappt an alles schif geet, brauch dir iech net ze wonneren. Gutt Saach also, dass an der Léift dëst Joer alles no äre Virstellunge verleeft.
Et gëtt d'Joer vun der Léift fir d'Jongfra, och wann alles ronderëm e bëssi méi komplizéiert ass.

Wo

Et zielt méi verantwortungsbewosst ze ginn. Dir musst dëst Joer villes méi serieux huelen, wann dir net déi eng oder aner éischter schlecht Iwwerraschung wëllt erliewen. Ausserdeem gesäit et fir déi romantesch Säit vun ärem Liewen 2019 och net immens aus.
Passt op, iech do net jidderengem ze vill unzevertrauen.

Skorpioun

Duerch näischt aus der Rou ze bréngen. Zimlech lässeg a relax meeschtert dir déi puer schwiereg Momenter, déi sech iech wäerte stellen. Äert Joer gëtt net immens opreegend, mee dir kënnt iech awer och iwwer näischt beschwéieren.

Schütze

Dir wäert léieren, dass et sech lount vu Routine fort ze kommen an nei Saachen auszeprobéieren. Wann dir also eng nei Richtung aschloe wëllt, dann maacht dat roueg. Dir wäert et net bereien.

Steebock

E Joer voller Kraaft a Motivatioun. Dofir komm dir och ouni Problem iwwert déi kleng Réckschléi, déi iech an de Wee kommen, ewech. Ausserdeem si dir bei allem, wat dir start, immens motivéiert an erziilt iwwert d'ganzt Joer gutt Resultater.