Eldoradio Eekelcamp 2019Och 2019 ginn et Prüfungen an der Morningshow

Och am neie Joer duerf pénktlech mam Start vum Dschungelcamp, d'Eldo-Eekelcamp an der Morningshow net feelen!

Leschten Update: 22.01.2019, 07:50:01

Wat wier e Joer Morningshow ouni Eekelcamp?

Pénktlech zum Start vun "Ich bin ein Star, holt mich hier raus" op der däitscher Televisioun (RTL) start och an der Morningshow d'Eekelcamp.

An der Versioun 2019 mat ganz neie Reegelen.

Als "Neien" an der Morningshow muss den ERIC dëst Joer all d'Prüfunge maachen.

Hien huet allerdéngs 4 Jokere!

Prinzip:

All Moien erkläert den Andy dem Eric d'Aufgab vum Dag drop!

Funfact: D'Aufgab gëtt dem Eric vun engem aus der ELDO-Crew operluecht!
All Dag denkt sech en aneren aus der Crew eng Aufgab fir den Eric aus.

Den Eric kann d'Aufgab unhuelen a se maachen.
-> Deen Ament huet d'ganz Eldoland d'Méiglechkeet de Präis/Cadeau vum Dag ze gewannen.

4x kann den Eric awer och en Joker asetzen.

Deen Ament muss hien en Nolauschterer fannen deen d'Aufgab fir hien an de Studio maache kënnt.
Packt den Nolauschterer d'Aufgab kritt dësen de Gewënn vum Dag!

Ze gewanne ginn et Tickete fir:

- Anne Marie
- Max Giesinger
- Bastille
- FANTA 4

a vill Iwweraschungen!

Eekelcamp 2019!
All Moien kuerz no 7 Auer an der Eldo Morningshow!