Retarden oder Annulatiounen2018 hate vill Flich bannent Europa Problemer

D'Online-Portal Airhelp huet d'Pénktlechkeet op verschiddene Fluchstrecke bannent Europa analyséiert - lescht Joer huet ee vill Gedold missten hunn!

08.01.2019, 16:34:04

© Eldoradio

D'Online-Portal Airhelp setzt sech fir d'Rechter vu Fluch-Gäscht an a wëll ermëttelt hunn, datt mol net een Drëttel vun de Flich no Plang gestart wieren. Vollen, déi méi wéi 15 Minutte Verspéidung haten oder annuléiert gi sinn, goufen hei mat aberechent.

Op Plaz 1 vun de Strecken, déi am meeschte Problemer haten, ass d'Verbindung tëscht Mykonos a London-Gatwick. Airhelp no sinn 2018 op där Streck déi meeschte Retarden oder Annulatioune registréiert ginn. Hannendru kënnt d'Streck Lissabon-Bréissel mat ronn 74% betraffe Vollen an och d'Verbindung tëscht Lissabon a Roum-Ciampino mat 74,3%. Vill Lëtzebuerger fléien da net just vun hei aus an d'Vakanz, mee huelen och Fluchhäfen an Däitschland an Usproch.

A bei eisen däitschen Nopere gesäit et Airhelp no och net ideal aus. Virun allem vu Frankfurt am Main, Köln/Bonn oder Düsseldorf aus goufen et op enger Partie Strecke Problemer. Betraffe Strecke ware vu Frankfurt op Pristina am Kosovo (70% vun de Volle sinn net no Plang gestart respektiv gelant oder goufen annuléiert), vu Roum op Köln/Bonn (66,5%), vu Sizilien op Stuttgart (65,7%) oder vu Venedeg op Düsseldorf (57%). Airhelp mécht fir vill Problemer iwwerdeems d'Airline Ryanair responsabel.

Weider ass och gekuckt ginn, wéini een am pénktlechsten ewech kënnt. Wien dënschdes flitt, kann sech op eng pénktlech Rees freeën: 78% vun de Flich bannent Europa waren op dësem Dag no Plang verlaf. Am schlechtste gesäit et dogéint sonndes aus.

Lauschtert hei de komplette Reportage