Féx erkläertWisou brieche Spaghettien ni an 2 Deeler?

Scho mol versicht, een dréchene Spaghetto a just zwee Deeler ze briechen an dobäi nëmmen déi zwee Enn vun der Spaghetto unzepaken?

Leschten Update: 09.01.2019, 16:06:58

© pexels.com

Schonn de Physiker an Nobelpräis-Gewënner Richard Feynman huet sech an de 60er Joren de Kapp doriwwer zerbrach, wisou dréche Spaghettie beim Béien ni an zwee mä an e puer Deeler zerbriechen. Dofir huet hie vill Owender a senger Kiche mam Brieche vu Spaghettie verbruecht.

Erréischt 2005 haten zwee Fuerscher aus Frankräich, de Basile Audoly an de Sebastien Neukrich erausfonnt, wisou dréche Spaghettien ëmmer an e puer Deeler zerbriechen. Gëtt ee Spaghetto gläichméisseg vu béid Säite gebéit, zerbrécht e fir d’éischt ongeféier an der Mëtt. Duerch de Broch beweegt sech de gebéite Spaghetto zréck a léist doduerch eng Well aus. D’Kräfte déi doduerch entstinn, loossen d‘Nuddel dann u weider Plaze briechen. Dëst Phänomen gëtt och nach „Snap-Back-Effekt“ genannt. 

D’Fro op Spaghettien awer ënner bestëmmte Konditiounen an zwee Deeler zerbrieche kéinten, war domadder awer nach net beäntwert. 2018 hu Fuerscher um Massachusetts Institute of Technology (MIT) zu Cambridge dës Fro konnte mat Jo beäntweren. Den Trick géif doranner bestoen, d’Nuddel am richtege Wénkel ze verdréinen. Dofir hunn d’Fuerscher een Apparat entwéckelt, deen d'Nuddele béien an dréine kann. Wëll een deemno Spaghettien a genee zwee Deeler briechen, muss een dës fir d’éischt ëm bal 360 Grad verdréinen, iert een déi zwee Enn beienee féiert. Dat géif de Fuerscher no op mannst bei verschidden Nuddelzorte funktionéieren.

Lauschtert hei d'Reportage: