Eng Etüd behaaptMänner solle méi dacks léien!

Léien. Mir maachen et, obwuel mer selwer net frou driwwer sinn, wann een et mat eis mécht. Ma wie litt da méi? Dat wëlle Fuerscher erausfonnt hunn!

Leschten Update: 09.01.2019, 17:24:15

© Pexels

D'Metaetüd huet 565 Etüden ënnersicht, un deenen insgesamt knapp 44.000 Persounen deelgeholl hunn – also eng ganz Partie Leit, duerch déi d'Fuerscher vum Max-Planck-Institut erausfanne wollten, wien dann elo méi dacks litt. Dofir sinn ënnert anerem Etüden aus dem Beräich vun der Psycho geholl ginn. Et si verschidden Experimenter mat de Participante gemaach ginn an dat och mat ganz ënnerschiddleche Resultater.

Lauschtert hei de komplette Reportage


Een Experiment huet sech mat engem Mënz-Spill befaasst. Hei hunn d'Testpersounen eng Mënz geheit an hunn um Computer d'Resultat selwer uginn. Bei Kapp kruten si Suen, bei Zuel kruten se näischt. Ass dëst méi dacks mat ville Persoune widderhuelt ginn, huet d'Verhältnis vu Kapp zu Zuel 50 zu 50 misste sinn. Ma d'Resultater hunn awer gewisen, datt méi dacks Kapp wéi Zuel ugi wier.

Suen hunn d'Verhale beaflosst

Domat hätten der vill also gelunn, fir méi Suen ze kréien. Deemno huet de Betrag, deen se konnte kréien, hiert d'Verhalen, ob se elo léien oder éierlech sinn, beaflosst. Esou sinn eng ganz Partie Spiller gemaach ginn. Wichteg war, datt d'Participanten ëmmer eng Méiglechkeet haten ze flunkeren an net ganz éierlech ze sinn.

Och den Alter huet en Afloss

Der Metaetüd no ass d'Gesamtresultat awer eendeiteg: 42% vun de Männer an 38% vun de Fraen hunn den Ënnersichungen no gelunn. Weider hunn d'Fuerscher uginn, datt de Besoin ze léien och mam Alter a Relatioun steet. Deemno géif dës Tendenz bei engem 20-Järegen zum Beispill bei 47% leien, bei engem 60-Järege wieren et awer just nach 36%. De Fazit hei ass also, datt ee mam Alter wierklech méi verstänneg gëtt...