Blockbuster 2009Filmer, déi 2019 hire Jubiläum feieren

Déi nei Filmer schonn all am Kino gesinn? Wéi wier et dann mol erëm mat engem Klassiker?

Leschten Update: 09.01.2019, 15:21:23

© Eldoradio

Bei de Filmer ass genee esou wéi bei der Musek. Déi nei Saachen sinn zwar schéin a gutt, awer kuckt een sech regelméisseg, och nach Jore méi spéit, déi all Klassiker un. An 2019 ginn et der e puer, déi hiren 10. Jubiläum feieren...

Sou zB e Film, deen 2009 erauskoum, an awer bei ville ganz hannen am Kapp verstoppt ass: Inglourious Bastards vum Quentin Tarantino.
E Film, deen de Christoph Walz an de Brad Pitt zu Hollywood e Stéck no vir bruecht huet.



10. Gebuertsdag feiert och District 9. E Film, deen deemools aus dem Näischt koum, an awer ageschloen ass, wéi eng Bomm. E war esouguer fir den Oscar nominéiert.


Déi erfollegräichste Comedy vum Joer 2009 war ouni Zweiwel Hangover. Dës ass och haut nach immens beléift.
Déi zwee Fortsetzunge sinn allerdéngs éischter ënnerierdesch. Wien d’Story iwwer e méi aussergewéinleche Jonggesellenabschid wëll kucken, dee bleift besser beim éischten Deel.



A wa mir scho bei erfollegräiche Filmer sinn: Deen erfollegräichsten iwwerhaapt, vun allen Zäiten, feiert 2019 säin 10. Jubiläum: Avatar.
Ronn 3 Milliarden Dollar huet de Film agespillt an 2020 bréngt den James Cameron endlech d’Fortsetzung eraus.



E Film, bei deem déi meeschte Leit eng Tréin verdréckt hunn, ass Hachiko.
D’Geschicht vun engem Hond, deen all Dag op der Gare op säi Meeschter waart. Dat och nach 10 Joer no sengem Dout.



Elo kann ee natierlech soen: Fréck ech ginn al. Ma gesidd et éischter als Occasioun, Iech déi scho vergiesse Klassiker, no 10 Joer erëm unzekucken.