Falbar Bildschiermer, Béier aus KapselenHighlights vun der CES 2019 zu Las Vegas

Et ass déi Foire fir Technik an Innovatioun an all Joer ginn op der Consumer Electronics Show zu Las Vegas déi gréissten Neierunge virgestallt.

Leschten Update: 10.01.2019, 06:58:44

© Robyn Beck / AFP

Dëst Joer hu schonn am Virfeld virun allem déi diebelbar Displaye fir Handy, Tablet a Co. fir Opreegung gesuergt. Esou e Bildschierm, deen een einfach emol diebele kann ass schonn iergendwéi eng cool Saach. 

Oprullbar Tële an 8K-Technlologie

Op d'Spëtzt huet dat awer wuel LG mat enger kompletter 65-Zoll-Tele gedriwwen, déi an eng Këscht, déi och nach als Box funktionéiert, kann agerullt ginn. Wien elo mengt, dat wier nëmmen eng PR-Aktioun, deen iert sech; d'Tëlee soll scho räif fir de Verkaf sinn. Dat selwecht gëllt fir diebelbar Handy-Bildschiermer oder héichopléisend 8K-Tëleeën fir déi et de Moment nach keng Filmer ginn. Ma et geet och méi skurril.

© DAVID MCNEW / AFP


Béier selwer mat Kapsele brauen

Fir bei LG ze bleiwen, hei gouf déi sougenannten „Homebrew-Maschinn“ virgestallt. Mat nëmmen e puer Astellungen an enger Kapsel ähnlech wéi déi bekannte Kaffiskapsele kann een hei 5 Zorte Béier selwer brauen.

© Robyn Beck / AFP


Wie Kazen an der Wunneng hält, fir dee wier déi nächsten Innovatioun eppes, nämlech eng vollautomatesch Kazentoilette mam Numm LavvieBot. D'Maschinn ass esou grouss wéi eng Spullmaschinn, wann d'Kaz era geet, fir hiert Geschäft ze verriichten, da gëtt dat dem Besëtzer per Push-Noriicht matgedeelt. Ass se fäerdeg, da gëtt d'Toilette automatesch gebotzt an nei gefëllt.

Hei de Reportage am Toun!


Gär kann een och déi heite Maschinn hunn, déi ass nämlech extra dofir gemaach.

E Roboter fir ze gefalen an e Sensor dee schmaacht

Dem Roboter Lovot aus Japan seng eenzeg Aufgab ass et nämlech Mënschen ze gefalen. Dobäi entwéckelt de Roboter sech mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz weider, e wëllt an den Aarm geholl ginn, brauch nei Kleeder a verhält sech déi Leit, mat deenen en interagéiert.

De Lovot op der CES 2019 zu Las Vegas.© Robyn Beck / AFP


Wien Allergien huet, deem kéint e Schmaach-Sensor gefalen. Dee kann z.B. Nëss oder Gluten schmaachen an den Notzer da warnen.

An natierlech dierf bei den Technik-Trends och dat autonoomt Fueren net feelen. BMW z.B. huet e Motorrad virgestallt, dat selwer beschleunegt, bremst a sech an d'Kéier leet.

Natierlech ginn et awer wéi all Joer och genuch Spillereien, z.B. de Falapparat fir Kleeder fir bal 1'000 Euro, extrem robust Collanten oder en elektresche Spray, dee Sonnecrème gläichméisseg verdeele soll.