Game of ThronesSchauspiller fir de GoT-Prequel goufen annoncéiert

D'Enn vun der Saga réckt zwar ëmmer méi no, ma och de Prequel deen duerno erauskomme soll schengt Fortschrëtt ze maachen...

Leschten Update: 10.01.2019, 11:59:46

© Youtube Screenshot

Zanter Méint gëtt sech op déi 8. Staffel vun der Kult-Serie "Game of Thrones" gefreet. Gläichzäiteg huet een als Fan Angscht virum Abrëll, et soll nämlech déi lescht Staffel sinn an domat wär d'Geschicht dann endgülteg eriwwer. Oder och net: D'Enn vu GoT bedeit nämlech nach laang net datt HBO mat der Fantasy-Saga ofschléisst. Am Mäerz hat de Sender schonn annoncéiert datt eng weider Produktioun iwwer d'Haapt-Serie geplangt wier, elo si weider Informatiounen doriwwer eraus.

Wärend den Hollywood-Star Naomi Watts an Jane Goldman schonn 2018 zougesot haten, huet HBO elo bekannt ginn datt och den Jamie Campbell (Twilight) an d'Georgie Henley (Narnia) Rollen am Prequel iwwerhuele sollen. Wéi eng genee, dat wollt den US-Sender awer nach net verroden. Dat selwecht gëllt iwwregens fir d'Naomie Ackie, Denise Gough, Sheila Atim, Ivanno Jeremiah, Alex Sharp an Toby Regbo, déi gemeinsam mat der britescher Regisseurin S.J. Clarkson wäerten um Set schaffen.


D'Clarkson huet virdru scho bei Serië wéi "Jessica Jones" an "Orange Is the New Black" Regie gefouert. Mam Nofolger, deen u sech d'Virgeschicht vun der GoT-Handlung erzielt, solle Fans allerdéngs net virun 2020 rechnen.