Neies am MuseksbusinessDës Albe sollt dir 2019 net verpassen

All Woch kommen nei Alben eraus. Mir soen iech, op wéi eng Highlights dir iech 2019 freeë kënnt.

Leschten Update: 11.01.2019, 08:07:17

© afp

Ugefaangen Enn Januar mam neien a mëttlerweil 3. Studioalbum vun der Londoner Band Rudimental. Dorops ze fanne sinn eng Partie Singelen déi schonn am Virfeld releast goufen – wéi „Sun Comes Up“ mam James Arthur an „These days“ mam Jess Glynne.

De Mark Ronson huet eis mat der Single „Nothing Breaks Like a Heart” mam Miley Cyrus schonn ee Virgeschmaach op säin neien Album ginn, deen am Laf vum Joer soll eraus kommen D’Scheedung vu senger Fra huet dem DJ eegenen Aussoen no eng nei Siicht op seng Musek verschafen, an där Emotiounen an Texter elo eng méi grouss Roll spillen.

Déi däitsch Hiphop-Pionéier Fettes Brot, hu fir Abrëll hiren 9. Studioalbum “Lovestory” ugekënnegt. “Lovestory” soll vun der Welt, dem liewen an de Mënschen handelen- soss ass awer nach net vill bekannt. Et ass deen éischten neien Album zanter 4 Joer.

D’Lana del Rey léisst net sou vill Zäit tëscht 2 Wierker vergoen. Knapp 2 Joer no „Lust for Life“ steet mat „Norman Fucking Rockwell” scho säi 6. Studioalbum an de Startlächer.

Fans vum Taylor Swift missen des Kéier wuel net sou laang op een neien Album waarden, wéi dat beimm leschten Album „Reputation“ de Fall war. Wéi d’Sängerin verroden huet, soll den neien Album nach viru sengem 30. Gebuertsdag den 13. Dezember eraus kommen.

D’Jongen vu Major Lazor wäerten dëst Joer eng leschte Kéier een Album op de Maart bréngen, ier si sech definitiv opléisen an un anere Projeten schaffe wäerten. „Music is the weapon“ heescht dat 4. A leschte Wierk vum Trio- e Releasedatum steet nach net fest.

Hoffen mir also op spannend Pop-Joer 2019.

Lauschtert hei de ganze Reportage