40% si verstopptWisou gesi mir d'Récksäit vum Mound ni?

Et war vun enger Mound-Sensatioun riets: China huet eng Raumsonde op d'Récksäit vum Mound geschéckt, déi och erfollegräich gelant ass.

10.01.2019, 16:01:50

© AFP/Archiv/Daniel LEAL-OLIVAS

Sensationell war dës Nouvelle, well dat nach kee virdru gemaach huet. A genee dowéinst wësse mer eigentlech och net vill iwwert d'Récksäit vum Mound. Duerch China kéint sech dat awer elo änneren.

Lauschtert hei de komplette Reportage

Problematesch hei war awer schonn am Virfeld d'Kommunikatioun, well vun der Récksäit vum Mound kann ee keng direkt Funkverbindung opbauen. Dowéinst gouf am Mee schonn ee spezielle Satellit installéiert, deen dëse Problem behuewen huet. Och den Terrain selwer hat fir Schwieregkeete kéinte suergen, well de Buedem net esou flaach ass wéi déi aner Säit. Ma de Grond, wisou mir dës Säit ni gesinn, ass elo esou e bësse méi schwéier ze erklären, et muss ee sech dat Ganzt bildlech virstellen: Beim Mound schwätzt ee vun enger "gebonnener" Rotatioun. Dat heescht, d'Rotatioun ëm déi eegen Achs an d'Rotatioun ëm d'Äerd geschéie gläich laang, de Mound dréit sech also esou ëm d'Äerd, als wier e fest mat hir verbonnen.



En Zoufall ass dëst awer net: Virun Honnerte Millioune Joren huet de Mound nach vill méi séier gedréit. Deemools huet hie sech der Äerd vun alle Säite gewisen. Schold un dësem Changement vu fréier op elo sinn déi sougenannten "Gezeitenkräfte". Duerch dës an och duerch d'Gravitatioun huet d'Äerd de Mount souzesoe verformt. Dës Verformungen a Changementer hunn de Mound an de Joren ëmmer méi lues gemaach. D'Beweegunge vum Mound sinn esou laang ausgebremst ginn, bis se sech un de Rhythmus vun der Äerd ugepasst hunn. Déi hënnescht Säit, oder anescht ausgedréckt ganzer 40% vum Mound, huet deemno guer keng Chance, vun eis ze gesinn ze ginn.