E Réckbléck op 2018Dat ass aus de Viraussoe ginn

Fir 2018 goufen eng ganz Rëtsch Neierungen annoncéiert, déi awer nach net do sinn. Dorënner Mars-Missiounen, Supercomputer an 3D-Ecrane fir den Handy.

10.01.2019, 17:13:08

© dpa/AFP/Archiv/Patrick Pleul

Ëmmer erëm gi Saache fir d'Zukunft annoncéiert, déi sech immens unhéieren an duerno awer guer net kommen. Dacks ass et awer esou, dass eis dat guer net opfält, well mir se an der Tëschenzäit erëm vergiess hunn. Fir 2018 war dat och de Fall, ma elo ass d'Joer eriwwer a vill Saachen, déi ugekënnegt goufe sinn net geschitt.

D'Welt ass natierlech net ënnergaangen

Esou däischter wéi dem bekannten Astrolog Nostradamus seng Viraussoen, deen ëmmer erëm fir Berechnunge fir de Weltënnergank muss hierhalen, sinn déi meeschten Annoncen net. Sicht een e bëssen am Internet, da ginn et do Leit, déi de Weltënnergank fir 2018 wéinst engem Atomkrich, dem mysteriéise Planéit X oder soss enger Katastroph an dacks mat hëllef vun eben deem Nostradamus wollte viraussoen. Wéi esou dacks hunn se sech awer och dëst Joer erëm geiert.

Exascale-Computer gëtt wuel eréischt 2020 Realitéit

Méi buedemstänneg war awer déi heiten Annonce fir 2018, nämlech deen éischte sougenannten Exascale-Computer, deen eng Milliard mol eng Milliard Rechnunge pro Sekonn sollt maachen. Tester goufen och scho gemaach, de Computer soll et awer elo eréischt 2020 ginn.

2018 sollt och e risegen neien Teleskop vun 42 Meter no Exoplanéite sichen. Ma elo soll den Teleskop an der Atacama-Wüst 39 Meter kréien an och net virun 2024 operationell sinn.

3D-Bildschiermer fir Smartphone konnten sech nach net duerchsetzen

Da soll 2019 jo d'Joer vun den Ecranen, déi ee kann diebele ginn. En 3D-Smartphone-Bildschierm, dee schonn 2010 fir d'Joer 2018 als Standard fir Smartphonen ugekënnegt war, ass awer net komm. Fir fair ze bleiwen, et gëtt zwar un esou Technologie geschafft ma d'Resultater sinn éischter enttäuschend.

Kee Chaos wéinst EU-Dateschutzrichtlinn

Da sollt 2018 och eng nei europäesch Sond um Mars no organesche Spure sichen. Ma d'Missioun mam Numm ExoMars2018 heescht an der Tëschenzäit ExoMars2020 a gëtt net méi zesumme mat der NASA mä elo mat der russescher Weltraumagence Roskosmos weidergefouert.

A bleiwe mir nach beim Mars. Den amerikanesche Millionär Dennis Tito hat viru 5 Joer ugekënnegt, dass 2018 deen éischte bemannte Fluch laanscht de Mars méiglech kéint sinn. De Plang gouf op 2021 verréckelt.

An och net geschitt ass, wat d'Lescht Joer awer vill sougenannten Experte gefaart hunn: Déi vill Geriichtsaffäre wéinst der neier EU-Dateschutzrichtlinn. Och hei bleift den ugekënnegte Chaos bis ewell nach aus.