Mat AusnamenIesse während der Aarbecht gëllt als Aarbechtszäit

Um Büro während ee schafft nach séier eppes z'iessen, dat maachen der vill. Mä ass dat dann eng Paus oder fält dat ënnert d'Aarbechtszäit?

Leschten Update: 11.01.2019, 09:30:06

© Eldo

All Salarié huet zu Lëtzebuerg eng Paus zegutt. Zu Lëtzebuerg ass déi am Gesetz virgesinn, ma se ass net ganz kloer definéiert. Bei enger deeglecher Aarbechtszäit vun iwwer 6 Stonne muss d'Aarbecht duerch eng oder méi bezuelten oder onbezuelte Pausen ënnerbrach ginn, déi der Zort vun der Beschäftegung entspriechen – wat dat dann och ëmmer heescht.

Ma all Patron dierf wuel wëssen, dass Pausen sech positiv op d'Aarbecht an d'Leeschtung vum Salarié auswierken. Ma heiansdo geet et net anescht, wéi während der Aarbecht z'iessen. Vun der Chambre des Salariés huet et op Nofro och geheescht, dass wann een ësst, während ee schafft, dat effektiv als Aarbechtszäit unzegesinn ass. An et ass och net verbuede während ee schafft eppes z'iessen – mat Ausnamen!

E Patron ka seng Salariéeën nämlech opfuerderen hir Haaptmoolzecht net während dem schaffen zou sech ze huelen. Dat z.B. well e wëllt, dass se eng richteg Paus maachen ëmmer ënnert dem Aspekt vun der Gesondheet op der Aarbechtsplaz. An dat sollen d'Salariéeën der CSL no dann och esou respektéieren.

Ma wéi gesot, sollt et awer emol esou sinn, dass e Mataarbechter esou vill ze schaffen huet, dass e soss net fäerdeg gëtt, da kann e säi Bréitchen oder seng Zalot während deem um Büro iessen an dat muss de Patron dann och als Aarbechtszäit consideréieren. Dat eben och, wann e seng Leit u sech opgefuerdert huet hir Haaptmoolzecht net während dem Schaffen z'iessen.