Entertainment mol aneschtLive-Concerten u Bord vun engem Fliger!

"I Believe I Can Fly" - sou ähnlech kéint et vläicht nächst Kéier och bei iech um Fluch kléngen? Eng Airline bitt elo Concerten u Bord vun hire Flich un!

Leschten Update: 11.01.2019, 11:10:22

© Pexels

Flich vun 12 oder 13 Stonne kënne laang ginn, virun allem, wann ee wärend dem Dag flitt. D'Fluchgesellschaft Garuda aus Indonesien huet sech dat beim Ausschaffe vun dëser Iddi wuel och geduecht a wëll hir Passagéier op eng méi speziell Aart a Weis ënnerhalen. Si offréieren an Zukunft Live-Musek op ausgewielte Flich.

Villverspriechend Talenter kënne sech hei ënner Beweis stellen an esou Reesender en neit Fluch-Erliefnis bidden. Déi éischt Passagéier konnten e Mëttwoch op engem Fluch vu Jakarta op d'Insel Bali an de Genoss vun engem Concert u Bord kommen.

Ob bekannt Kënschtler a Bands ageplangt sinn, gouf net gesot, ma vläicht hu dir jo eemol d'Chance, de Fliger mat ärem Liiblingsartist ze deelen...