Klimawandel besser verstoenFuerscher loosse sech an der Arktis afréieren

Fuerscher vum Alfred-Wegener-Institut wëllen an der Arktis de Klimawandel erfuerschen a maachen dat gären op eng méi speziell Aart a Weis.

Leschten Update: 11.01.2019, 17:40:37

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/MARIO TAMA

Si loossen sech vu September un ee Joer u Bord vun engem Schëff an der Arktis afréieren – eppes, wat virdrun esou nach net gemaach ginn ass. D'Schëff mam Numm „Polarstern“ soll vum Äis ageschloss a ganz ouni eegenen Driff iwwert de Nordkap dreiwen. Ma wéi kënnt een op esou eng Iddi, a virun allem – wisou huelen d'Fuerscher esou eng Rees op sech?

Klimawandel erfuerschen a besser verstoen

D'Arktis gëllt nämlech als déi Plaz, un där een am séiersten erkennt, wéi eng Repercussiounen de Klimawandel op eis Ëmwelt huet. An de leschte Jore war et déi Regioun, déi sech am stäerksten erwiermt huet. An der Arktis ukomm, huet d'Crew zwou Wochen Zäit, um Äis e Camp opzeriichten. Den Challenge hei ass, datt et am Dag just nach 4 Stonne laang minimal hell ass, vu Mëtt Oktober un ass et da komplett däischter.

Juni 2020 ass d'Expeditioun eriwwer

Well d'Arktis awer och d'Doheem vun Äisbieren ass, ginn d'Fuerscher vun arméierte Sécherheetsleit geschützt, fir am Noutfall anzegräifen. Sougenannten „Eisbrecher“ sollen d'Crew ënnert anerem mat Liewensmëttel versuergen. All 2-3 Méint gëtt d'Ekipp dann ausgetosch. Am Juni 2020 fänkt d'Schmëlz-Period dann nees un an d'Schëff gëtt souzesoen nees „eraus gespaut“. Dat ass d'Enn vun der Expeditioun, ma gläichzäiteg och den Ufank vun der Auswäertung vun de gewonnenen Daten.

Lauschtert hei de komplette Reportage