Resultater hannerfroenWat si Problemer bei Ëmfroen, Statistiken + Etüden?

Statistiken, Ëmfroen an Etüde si schéin a gutt an a ville Beräicher och néideg. Ma et ass wichteg se och ze hannerfroen a keng falsch Schlëss ze zéien.

Leschten Update: 12.01.2019, 21:47:37

© Pexels

Trau kenger Statistik, déi's de net selwer gefälscht hues“ - dëst faasst e Problem zesummen, dee grad an enger Gesellschaft akut ass an där mir ëmmer méi op Statistiken, Ëmfroen, enorm Datenauswäertungen ugewise sinn. Well och wann een u sech nëmme representativ, geséchert, fundéiert an no wëssenschaftleche Methoden erhuewenen Daten dierf gleewen, hunn déi dacks e grousse Mangel oder musse mat Virsiicht behandelt ginn. An an enger Zäit an där kloer an einfach Äntwerte gesicht ginn ass dat grad fir Wëssenschaft awer och Medien dacks e Problem.

Bei der Interpretatioun muss ee virsiichteg sinn

Huele mir emol d'Beispill vun enger rezenter Téi-Etüd fir deen éischte Problem ze illustréieren. Dës gouf a Japan gemaach a wollt erausfonnt hunn, dass Fraen, déi méi gréngen Téi drénken am Duerchschnëtt méi spéit Kriibs kréien. Elo kann een natierlech soen, dass dat um Téi läit, dat ass jo dee Facteur, deen hei d'Fraen all verbënnt. „Téi ass gutt géint Kriibs“ kéint een hei ganz séier soen, mat dat wier ze séier geschoss. Et muss een sech nämlech d'Fro stellen, ob et net villäicht esou ass, dass Fraen, déi vill gréngen Téi drénken och soss am Alldag villäicht méi gesondheetsbewosst sinn an dofir – wéinst hirem allgemenge méi gesonde Liewenswandel – manner fréi u Kriibs erkrankt sinn.

Dat ass also emol d'Beispill vum Problem bei der Interpretatioun vun Daten. En aneren ass dee vun der Representativitéit.

Ass d'Ëmfro oder d'Etüd representativ?

Huelen ech elo 30'000 Fraen zu Lëtzebuerg a froen déi z.B. ob se léiwer Téi oder léiwer Béier drénken, dat kënnt do iergend e Resultat, ob elo interessant oder net, eraus. Obwuel ech enorm vill Leit gefrot hunn, kann ech duerno just Conclusiounen zum Verhale vu Fraen zu Lëtzebuerg zéien.
Wéilt ech dës awer op d'EU-Awunner bezéien, da misst ech dat an all Land maachen an dat ganzt natierlech och mat Männer, am beschte mat enger homogener Alters- a Gesellschaftszesummesetzung. An dat wier en enormen Opwand, dofir si vill Ëmfroen dacks ze regional oder ze enk gefaasst.

Vu wiem a wéi ass d'Ëmfro bezuelt ginn?

Et muss ee mat aberechnen, dass z.B. bei ethesch problematesche Froen oder Themen déi tabu sinn Persoune falsch äntweren oder einfach net un der Ëmfro deelhuelen. Bei spezifesche Froen, déi e bestëmmte Beräich betreffe kann et also sinn, dass eng bestëmmte Gesellschaftsgrupp guer net representéiert ass.

Ganz wichteg ass et och ëmmer ze préiwe, wiem d'Ëmfro oder d'Etüd kéint notzen a wien se eventuell finanzéiert oder ënnerstëtzt huet. Bei enger Etüd iwwer d'Auswierkunge vun Alkohol am Stroosseverkéier kënnt villäicht eppes anescht eraus, wann se vum Verkéiersministère ënnerstëtzt gëtt, wéi wann se vum lokalen Alkoholhändler finanzéiert gëtt.

Wou kommen d'Äntwerten an d'Donnéeën hir?

Och d'Aart a Weis vun Ëmfroen ass e Problem. Wien erreechen ech z.B. mat menger Ëmfro via Internet. Et kann een do dovun ausgoen, dass eeler Leit ënnerrepresentéiert sinn. Et muss een sech also d'Fro stellen, wien ee wéini a wou erreecht.

An och soss sinn Ëmfroen a Statistiken eng Konscht fir sech an et ginn nach eng ganz Rëtsch aner Problemer a Saachen op déi ee muss oppassen. Ma a ville Beräicher bleiwen se weiderhin déi eenzeg Méiglechkeet fir verwäertbar Informatiounen ze kréien.