Pudding mat Gehacktes oder sauer Wurscht"Worst of Chefkoch": déi kuriéiste Platen

Foodblogger setzen op perfekt inzenéiert Opnamen - bei "Worst of Chefkoch" fënnt een esou Fotoen net!

21.01.2019, 10:10:41

© Screenshot YouTube

Séier eng Foto fir d'social media community maachen, nach éier een deen éischte Maufel am Mond hat – e Bild, dat een och mol live ëmmer nees am Restaurant ze gesi kritt. Ma zwee Käch aus Köln ginn deen anere Wee an experimentéiere mat e bësse mi spezielle Rezepter.

Déi zwee Kölner hu virun 2 Joer schonn de Blog mam Numm "Worst of Chefkoch" an d'Liewe geruff. Um Site sinn eng ganz Partie Rezepter ze fannen, ma schonn op den éischte Bléck mierkt een, datt dës Kreatiounen net dat sinn, wat ee sech erwaart.

Vum Salzstaangen-Gratin, iwwert d'Pizza Hawaii-Taart mat Grillwurscht bis zum Pudding mat Gehacktes – de Grujelcabinet vun den aussergewéinleche Spezialitéiten ass u kuriéise Rezepter net ze iwwertreffen.



Perfekt inzeenéiert Biller fënnt een op dësem Blog net. Wéi den däitsche SPIEGEL schreift, kachen déi zwee Grënner och op enger Bühn an de fäerdege Plat gëtt mam Public zesumme giess – ob et schmaacht, kann da jidderee selwer beuerteelen.

Ee vun den zwee Käch ass Wëssenschaftler op der Uni Regensburg a fuerscht am Beräich vun der Ernierungs- an Alldagskultur. Hie vertrëtt d'Meenung, datt duerch esou Sitten d'Iessen eng ganz nei Funktioun kritt hätt.



Wann ee virun 3 Joerzéngten iwwert d'Iesse geschwat huet, ass et och nach wierklech ëm d'Iesse gaangen. D'Virstellung vun Iessen hätt sech an de leschte Jore staark changéiert.

Ma "Worst of Chefkoch" wëll op kee Fall de Geck mat der Foodblogger-Zeen maachen, si funktionéieren dat Ganzt op eng witzeg an amusant Manéier ëm.