Hits vun 2009Dës Lidder gi schonn 10 Joer al

Kaum ze gleewen wéi séier d’Zäit vergeet. Folgend Hits kréien tatsächlech elo schonn 10 Joer.

Leschten Update: 21.01.2019, 09:55:26

© ANP/AFP/File/Ferdy Damman

„When Love Takes Over“ gouf vum David Guetta zesumme mat der Sängerin Kelly Rowland geschriwwen. Et war am Joer 2009 ee weltwäiten Erfolleg.

„Bulletproof“ vum engleschen Synthiepop-Duo La Roux handelt vun enger jonker Fra, déi e puer schlëmm Bezéiungen hannert sech hat. Vu Kritiker gefeiert konnt d‘Lidd sech an den Top 10 vun de Billboard Charts placéieren.

„Uprising“ ass d’Leadsingle vum Album „The Resistance“ vun der britescher Rock-Band Muse. De regierungskritesche Song war ee vun den erfollegräichste Songs der Band.

De Linkin Park Song „New Divide“ war den Titelsong vun der Filmmusek vun Transformers. Linkin Park hunn hei mam bekannten Filmkomponist Hans Zimmer zesumme geschafft.

Och de Green Days Song  „21 Guns“ huet zur Transformers-Filmmusek gehéiert. D‘Power-Ballade beschäftegt sech mam Thema Patriotismus a  gëlt als Anti-Krichs-Song.

„Empire State Of Mind“ – den Duo tëscht dem Rapper Jay Z an der Sängerin Alicia Keys gouf mat 3 Mol Platin ausgezeechent. Et ass ee Lueflidd fir d’Stad New York. Och de Musikvideo gouf do gedréit.

Mat „Right Round“ konnt de Flo Rida zesumme mam Ke$ha en Nummer-1-Hit landen. Am Refrain ginn Deeler vum Dead or Alive Song „You Spin Me Round“ benotzt.

A mam Partyhit „I Gotta Feeling” konnten och d‘Black Eyed Peas am Joer 2009 ee groussen Erfolleg feieren.

All des Songs feieren 2019 schonn hiren 10 Gebuertsdag.

Lauschtert hei de Reportage