Um fréie MéindegmuerenTotal Mounddäischtert a Bluttmound

E Méindeg ass a villen Deeler weltwäit e Bluttmound ze gesinn. Et gëtt awer e Spektakel fir déi ganz Haart - et muss een nämlech fréi op sinn.

Leschten Update: 21.01.2019, 07:28:58

© Robyn Beck / AFP

E Méindeg den 21. Januar huet een d'Chance ee sou genannte Bluttmound ze gesinn. Nieft dem Bluttmound gëtt awer och vun enger sougenannter kompletter Mounddäischtert geschwat. Hei steet d'Äerd tëscht der Sonn an dem Mound, de Vollmound taucht also an de Schied vun der Äerd, déi dës duerch d'Sonn projezéiert.

De Mound wäert sech hei gutt 63 Minutten am Schied vun der Sonn befannen. En ass besonnesch gutt ze gesinn, well en "nëmmen" gutt 357.000 Kilometer vun der Äerd ewech ass. Domat soll en dann och knapp 10% méi grouss ausgesi wéi gewéinlech. Zäitgläich sinn och Venus a Jupiter no beieneen um Himmel ze gesinn.

Wisou Bluttmound?

Ma wisou schwätzt een da vun engem Bluttmound? Anescht wéi d'Sonn bei enger totaler Sonnendäischtert, gesäit de Mound net komplett schwaarz aus. Hie liicht rout, well d'Sonnestralen an der Äerdatmosphär gebrach ginn. Hei kënnt just déi "langweileg" rout Rescht-Faarf duerch a fierft de Mound an.

D'Faarf ass da bei all Bluttmound liicht anescht. Dat hänkt nämlech ganz dovunner of, wéi d'Konditiounen deen Dag sinn: d'Unzuel vun de Stëbspartikelen an der Loft, wéi déck d'Wolleke sinn a wéi d'Atmosphär op deem Dag ass.

Wou kann een de Spektakel gesinn?

Nieft Europa ass d'Mounddäischtert och an Afrika, iwwert dem Atlantik, a Nord- a Südamerika an a Grönland wéi och an der Regioun vum Nordpol ze gesinn. Datt een och wierklech eppes gesäit, ass e kloren Himmel vu Virdeel wéi och eng Sicht a Richtung Westen.

Wéini muss ech aus dem Bett?

D'Mounddäischtert fänkt fréi un - ganz fréi. Dat Ganzt start géint 3.35 Auer an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg. Fir d'éischt trëtt de Mound an den Hallef-Schied vun der Äerd, duerno dann an de Kärschied. Géint 5.41 Auer fänkt déi komplett Mounddäischtert dann un.

Géint 6.12 Auer ass d'Mëtt vun der Däischtert erreecht, géint 7.51 Auer trëtt de Mound dann nees aus dem Schied vun der Äerd eraus.

Wie Motivatioun brauch fir opzestoen: Dem Däitschen Zentrum fir Loft- a Raumfaart no soll et déi nächst komplett Mounddäischtert viraussiichtlech eréischt fir Silvester 2028 a vum 21. op den 22. Dezember 2029 ginn - wie sech elo net 10 Joer laang gedëllege kann, fir deen heescht et e Méindeg fréi opstoen!

© DESIREE MARTIN / AFP