Life of Bryan - The Punisher Season 2Wie gëtt dës Staffel bestrooft?

Den 18. ass déi nei Staffel vum Marvel Charakter The Punisher erauskomm an ech hu mer se ugekuckt, fir e fréie Fazit ze ginn.

Leschten Update: 21.01.2019, 07:50:02

© Screenshot youtube https://www.youtube.com/watch?v=jrLhP5sK2wI

The Punisher ass definitiv de brutaalste Marvel Charakter dee mer vun de Filmer an de Serie bis elo kennen. Nodeems hien an Daredevil an an der 1. Staffel vu senger eegener Serie de Mord vu senger Famill gerächt huet, zwénge nei Evenementer de Frank Castle op en Neits zu de Waffen ze gräifen.

An och dës Saison geet den Anti-Held net zimperlech mat senge Géigner ëm. Waffen, Fäischt a Blutt fléien ouni Hemmunge ronderëm an et soll och absolut net schéin oder propper eriwwer kommen. Et ass rau, dreckeg a brutal, alles Adjektiver déi och zum Punisher selwer passen.





Zum Gléck ass dat awer net dat eenzegt wat d’Serie ausmëscht.

Genee wéi a sengen aneren Optrëtter, huet de Frank Castle, de Mënsch hannert dem Punisher Numm, vill méi ze bidde wéi een sech vun sou enger Rambo-esquer Figur erwaarde géing. No der 1. Staffel, huet een sech des kéier nach méi Zéit geholl fir dem Punisher seng Perséinlechkeet weider auszebauen andeem en mat néie Léit a Kontakt kennt. D’Geschichten hannert den eenzelen Niewecharakteren, an hir Bezéiung zum Frank Castle, ware fir mech all interessant an hunn Action-Zeenen nëmme nach méi spannend gemaach. Gedroe gëtt déi ganz Serie vun engem richteg gudden Jon Bernthal als Punisher an engem absolut iwwerzeegende Cast u Niewenduersteller.

Déi 2. Staffel vun The Punisher erzielt usech eng modern Interpretatioun vum klassesche Western. De bewaffenten Alleingänger dee sech iwwer d’Gesetz stelle muss fir eng Gesellschaft ze verdeedegen an déi hie selwer net era passt. Dëst Thema gëtt iwwert déi ganz Season duergestallt a kennt esou wuel visuell als och musikalesch gutt eriwwer.

Déi nei Staffel vun The Punisher ass a bal all Kategorie besser wéi déi 1. an iwwertrëfft menger Meenung no och eng Réi vun den anere Marvel Serien déi de Moment op Netflix ze fanne sinn. Wien also Rambo Action mat Substanz wëll, kuckt iech The Punisher un.