London CallingWéi ass d'Stëmmung wéinst dem Brexit zu London?

Et gëtt keen Thema, dat d'Brite am Moment méi beschäftegt ewéi de Brexit.

21.01.2019, 07:54:38

© pixabay.com

Egal wou een hei zu London am Moment higeet oder mat wiem ee schwätzt, et gëtt ëmmer just een Thema – an dat ass de Brexit. Ob am Pub, am Büro, am Restaurant oder bei Kollegen doheem, et gëtt kee Sujet, deen d’Brite méi beschäftegt ewéi hiren Austrëtt aus der EU. Dat geet esou wäit, dass déi meeschte Leit mëttlerweil all Owend no der Aarbecht doheem de britesche Pendant vu Chamber TV kucken, vir sech ze informéieren an eraus ze fannen, ob d’Parlament sech dann elo endlech entscheede kann, wat mam Brexit passéiere soll.

Lauschtert hei de Reportage: 

Mee och wann se sech all eens sinn, dass et Zäit gëtt Neel mat Käpp ze maachen, esou huet awer all Mënsch eng aner Iddie, ewéi et virugoe soll – an dat ass de grousse Problem vun de Briten am Moment. Si wëssen alleguerten, wat se net wëllen, mee et huet awer och keen eng Propose, wéi een aus dem ganze Brexitchaos nees erauskomme soll. Dat leet dann dozou dass zum Beispill jiddweree géint dem Theresa May säin Deal ass, deen d’läscht Woch mat enger historescher 2/3 Majoritéit am Parlament gescheitert ass an dohier normalerweis d’Enn vun der Regierung bedeite géif. Mee anerersäits, iwwersteet d’Theresa May en Dag drop dann e Mësstrauensvotte, well awer keen hire Job wëll - well se all wëssen, wéi verfuer d’Situatioun ass.

© pixabay.com

Mee och wann een dat ausserhalb vu Groussbritannien net onbedéngt matkritt, déi meeschte Brite schummen sech wierklech dofir, wéi sech hiert Land grad op der internationaler Bühn blaméiert. Wéi et elo weidergeet, weess keen, wahrscheinlech net emol d’Theresa May. Mee vill Zäit sech Gedanken ze maache bleift netméi. A manner ewéi 70 Deeg trëtt Groussbritannien offiziell aus der EU.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter