KonsumenteschutzOp wat sollt ee beim Autoskaf oppassen?

Ier een e Verkafskontrakt ënnerschreif sollt een op e puer Saachen oppassen. Virun allem sollt een sech sécher sinn de Won och wëllen a kënnen ze kafen.

Leschten Update: 21.01.2019, 17:26:16

© Eldo

De 27. Januar, d.h. schonn den nächste Sonndeg geet den Autofestival lass. An do wäerten erëm dausende Cliente queescht duerch d'Garagen zu Lëtzebuerg no deene beschten Offere sichen. A wien ass net glécklech, wann en den Dramauto fonnt huet an de Kafvertrag endlech ënnerschriwwen huet. Mä opgepasst grad bei dësem Kontrakt seet de Konsumenteschutz ULC. Well grad do sollt een sech d'Zäit huelen dee gutt duerchzeliesen.

Informatiounen am Kontrakt mussen iwwerpréift ginn

Dobäi sollt déi genee Bezeechnung vum Auto, deen ee sech keeft dra stoen, dat inklusiv Equipement an Extraen. Weider sollt och de Liwwer-Datum, der geneeë Präis vum neien Auto an de Montant vun enger eventueller Reprise am Kontrakt fixéiert sinn.

Beim Kaf vun enger Occasioun sollt een natierlech op den Zoustand vum Auto kucken. Dozou gehéieren och kleng Schied, déi engem do opfalen. An da muss jo an deem Fall och de Kilometerstand, deen de Won um Verkafsdag huet am Kontrakt stoen.

Gesetzer mussen trotz Kontrakt agehale ginn

Ganz wichteg ass, dass et Gesetzer ginn, déi och valabel sinn, wann et anescht am Kontrakt steet. Esou gëllt déi gesetzlech virgeschriwwe Garantie, de Liwwerdatum muss agehale ginn, asw. Och wann esou Klauselen mat deenen sech de Verkeefer e Virdeel wëllt verschafen an engem Kontrakt sollte fixéiert sinn, gëllen se trotzdeem net.

Wann een dann de Kontrakt bei engem Concessionaire ënnerschreift, dass ass et wichteg nach emol gutt ze iwwerleeën.

De Kontrakt ass valabel och wann een sech et anescht iwwerleet

Vun esou engem Kontrakt kann een nämlech net einfach zerécktrieden, ouni dass de Concessionaire duerno Schuedenersatz ka froen. Dofir réit d'ULC och all Kontrakter virum Ënnerschreiwe gutt duerchzeliesen, och wann et sech dem Verkeefer no net ëm de Verkafskontrakt handelt.

An och bei Prêten, déi een an deem Kontext mécht, heescht et nozedenken an eventuell de Kontrakt mat der Klausel ze ënnerschreiwen, dass een de Won just muss kafe, wann een och den néidege Prêt kritt.