Game of ThronesFakten an Informatiounen zu der 8. Staffel

Wéini der ufänke musst fir all déi al Folge bis zum Release vun der finaler Season nach ze kucken & weider Informatiounen zu der leschter Staffel.

22.01.2019, 06:20:16

© YouTube Screenshot

2019 ass et endlech esou wait : The end is coming! Game of Thrones geet mam Release vun der 8. Staffel an déi lescht Ronn vum Kampf ëm den Troun. Wärend déi eng sech iwwer nei Zeene vun hire Liiblingscharaktere freeën, sinn déi aner natierlech traureg datt d’Geschicht elo soll zu Enn sinn. Ier et awer esou wäit ass sollt een déi eng oder aner Saach nach eng Kéier Revue passéiere loossen.

Déi US-amerikanesch Fantasy-Serie Game of Thrones vum David Benioff an D.B. Weiss gouf fir de Kabelsender HBO produzéiert a baséiert op der Roman-Réi „A Song of Ice and Fire“ vum George R.R. Martin. Wärend d‘Geschicht vun de 7 Kinnekräicher vu Westeros, a Form vun der Serie elo 2019 op en Enn geet, sinn d’Bicher nach net fäerdeg geschriwwen. De Schrëftsteller steet de Produzente vun der Serie allerdéngs mat Rot zur Säit, an huet hinnen, säin Enn wéi et heescht verroden.

Kuckt Iech hei den Teaser "Dragonstone" un!


Mëttlerweil si mer bei der 8. an domat finaler Staffel, bei där et zwar just nach 6 Episode solle ginn, dowéinst si se dann awer a Spillfilmlängt geplangt. Déi 7. Staffel hat iwwerdeems nach 7 Episoden, déi éischt 6 souguer 10.

Méi wéi annerhallef Joer Paus louchen tëscht der leschter Staffel an der finaler: Wien sech trotzdeem nach net begannt huet all d’Folgen eng Kéier duerch ze suchten, dee muss sech de 6. Februar am Kalenner markéieren. Wien all Dag eng Episod kuckt, kritt déi 67 Episoden also 7 Staffelen (oder och nach 3810 Minutten um Stéck) problemlos duerch. Kuckt der all Dag zwou Episode geet et duer den 12 Mäerz ze starten, allerdéngs kuckt een dann d’Staffelfinale vun der 7. Folge op deem selwechten Dag wéi den Ufank vun der 8. Staffel.

Kuckt Iech hei den Teaser "Crypts of Winterfell" un!


Wie just Weekends mat GoT verbrénge well, deem muss schonn um Weekend vum 2/3 Februar ufänken. Opgepasst: Hei gëllt et dann awer direkt 6 Folgen ze kucken. Hardcore Fans déi 24/7 bingewatchen (ouni Schlof an ouni Paus), dee muss genee 2 Deeg, 15 Stonnen an 30 Minutte virdru starten – also den 12. Abrëll mëttes.

Bis elo ass iwwert de Schluss vun der Saga och nach net vill bekannt. Bis op e puer kryptesch Mini-Teaser gouf nach näischt iwwert nei Zeene verroden. Ma an déi gouf schonn allerlee eran interpretéiert. Wéi et dann elo tatsächlech ausgeet, wien um Troun wäert landen a wien am Abrëll bei déi bis ewell ronn 174.373 Doudesfäll vun der Serie wäert zielen – dat sinn alles Froen op déi mer eis nach e puer Deeg musse gedëllegen.