
© Pexels
Méiglecherweis hu dir méi am Portmonnie, wéi der eigentlech mengt. Verschidden Euroschäiner kéinten nämlech e klengt Verméige wäert sinn. Deemno ass en 50€-Schäin net gläich 50€. Klengt elo skurril, ma dorunner kéint awer eppes dru sinn. Sammler sollen nämlech verschidde Schäiner halen, well dës e besonneschen héije Wäert hätten.
Fir Sammler wäertvoll
Dëst géif een un der Seriennummer um Schäi selwer erkennen. Géifen hei Zuele wéi 777, 000 oder 333 ze fanne sinn, soll de Schäin e besonnescht Exemplar sinn. Ma esou einfach wéi et klengt ass dat Ganzt awer leider net. Mir hunn an deem Fall bei der Lëtzebuerg Zentralbank nogefrot. Hei krute mer confirméiert, datt et duerchaus Sammler ginn, déi fir Schäiner mat esou enger seelener Zuelekombinatioun mol gäre méi Suen ze bezuelen.
Et gëllt opzepassen
Am Kader vu sougenannte Sammler-Mäert gëllt et awer opzepassen. Wéi d'Zentralbank ënnersträicht, spillt hei Relatioun tëscht Offer an Demande eng gréisser Roll. Dës sinn tëscht Keefer a Verkeefer natierlech fräi verhandelbar. Et ass natierlech méiglech, dass Sammler-Präisser den eigentleche Wäert vun engem Schäin iwwertreffe kënnen. Grënn dofir kënne wënschenswäert oder perséinlech Aspekter sinn oder well ee supposéiert "Eegenaart" virzeleie schéngt.
Dausenden Euro fir ee Schäin éischter onwahrscheinlech
Domat zréck bei dës speziell Seriennummeren: Dës Zuele kënne subjektiv, fir all Sammler, als e besonnesch wäertvolle Schäin empfonnt ginn, deemno bezuelen si fräiwëlleg méi dofir. Ma a verschiddenen Artikele geet vu Beträg vun Dausenden Euroe riets – hei heescht et vun der Zentralbank, datt dëst héchst onwahrscheinlech wier.