Sonn, Plage a MierWéi a wou verbréngt de Lëtzebuerger seng Vakanz?

De Lëtzebuerger Awunner flitt am léifsten dohi wou et waarm ass an dat am beschten an en Hotel. Wichteg ass him dobäi de Service an de Confort.

Leschten Update: 22.01.2019, 10:46:04

© Eldo

Et ass richteg kal de Moment an net sinn de vill, déi freeën sech elo schonn op de Summer. 30 Grad, T-Shirt an e gudde Cocktail op der Terrass. Mä dat dauert nach. Mä wat mir awer maache kënnen ass iwwer eis Vakanzen ze schwätzen. Wou si mir 2018 hi gefuer, wéi en Typ vu Vakanze war fir d'Lëtzebuerger 2018 am beléiftsten a wat ass fir si an enger Vakanz wichteg? Ënner anerem dat wollt d'Maartfuerschungsinstitut Quest wëssen.

Nëmmen all 5 fiert an de Wantersport

Am léifste ginn d'Lëtzebuerger dohi wou et 3 Saache gëtt, nämlech Sonn, Mier a Plage. Direkt duerno komme Stied als beléiftste Reeszil, direkt 71% hunn 2018 op d'mannst eng Stad besicht. Och Wellness kënnt gutt un, méi wéi all 4 huet sech d'lescht Joer eemol oder méi Entspanung an engem Spa gesicht. A mir si jo grad matzen an der Wantersportsaison, ma nëmmen e Fënneftel vun de Lëtzebuerger ass 2018 an de Wantersport gefuer. Nëmme 5% hunn eng oder méi Croisière gemaach.

De Lëtzebuerger ass nieft Sonn a Plage virun allem de Service an de Confort op enger Rees wichteg an dofir sinn 81% och bereet e bësse méi ze bezuelen. Eng grouss Majoritéit, d.h. 74% vun de Befroten trëfft de Choix fir d'Logement an der Vakanz iwwerdeems nodeems se sech Bewäertungen an d'Meenunge vun anere Clienten ugekuckt hunn.

Aktiv bleiwen an der Vakanz

D'Lëtzebuerger fueren zwar gäre ganz klassesch an d'Sonn, déi meeschten - dëst Kéier sinn et der 71% - wëllen awer vill an hirer Vakanz erliewen an aktiv eppes maachen. Dofir ass de Programm dann och gutt gefëllt. 63% gesinn sech selwer an der Vakanz als Leit, déi gären Erfuerschen an nei Saache gesinn. Dofir hu si och uginn dacks d'Destinatiounen ze wiesselen.

Fliger virun Auto, Bus an Zuch

Ma trotzdeem sinn der 54% net domat averstane Kompromësser bei der Vakanzendestinatioun ze maachen, och wann se dobäi finanziell besser géifen ewech kommen. A wéi kommen d'Lëtzebuerger am léifsten op dës Wonschdestinatioun? Ganz kloer mam Fliger! Dës hëlt nëmme mam Alter vun de Befrote lues a lues of. Am Total läit se bei 64%. Eréischt duerno kënnt mat 30% den Auto a ganz wäit hannendrun de Bus, den Zuch an aner Mëttelen. Am léifsten – an dat hu schonn aner Ëmfroen erginn – ginn d'Lëtzebuerger an den Hotel, ma airbnb-Logementer maache grad bei Jonken tëscht 18 an 39 Joer scho bal 10% aus.