Wéi klappt et egal wéi?De Schlëssel fir déi perfekte Bezéiung

Leeft et grad net esou gutt an ärer Bezéiung? Dir waart schonn an der Puertherapie, hutt eng Auszäit geholl mee näischt schéngt ze klappen?

Leschten Update: 28.01.2019, 08:22:04

© Unsplash

Ma opgepasst! D'Geheimnis fir eng glécklech Bezéiung ass Alkohol. Koppelen déi zesummen heiansdo een iwwert den Duuscht drénken, solle méi zefridde sinn.

Wann dir der Meenung sidd, dass ären aktuelle Partner de richtegen ass an dir de Rescht vun ärem Liewe mat him verbrénge wëllt, ma da Prost!
Fuerscher aus Amerika hu knapp 5000 bestuete Koppele befrot, wat ausmachend ass fir dass hier Bezéiung gutt funktionéiert. Dobäi ass erauskomm, dass hiert d'Gléck am Zesummeliewen zum Deel op hire gemeinsamen Alkoholkonsum zréckzeféieren ass.

Beispillsweis ass jo gewosst dass den Effet vum Alkohol, de Partner direkt méi unzéiend erschénge léisst an een esou och mol méi schnell am Bett lant. Oppasse muss een zwar, wann een dëst iwwert eng länger Zäitspan mécht. 2 bis 3 Glieser zesumme mam Léifsten ze drénke si gutt, dauerhaft voll ze sinn allerdéngs net.

© Unsplash

En iwwerméissegen Alkoholkonsum ass schlecht fir Kierper a Séil, miniméiert déi gutt Laun a léisst sou och d'Bezéiung drënner leiden. Et heescht also d'Bezéiung a Moossen op engem gudde Wee ze halen.

Wat dir elo drénkt ass am Fong egal. Do kënnt et éischter op är Preferenzen un. Wie Wäi wielt suergt éischter fir eng romantesch Atmosphär an et ass natierlech gutt mat engem Iessen ze kombinéieren. Bei Béier kënnt éischter en méi kollegialt Verhältnis op a wien sech fir Cocktails decidéiert, kann sech sécher sinn, dass et e flotten Owend gëtt. 

Wat awer op kee Fall ze vergiessen ass: D'Gléck vun der Bezéiung läit net just am Alkohol