Parlamentaresch FroHuet Lëtzebuerg genuch Waasserreserven?

Extrem Dréchent a wéineg Néierschlag - dat kann dozou féieren, datt d'Waasserreserve knapp kënne ginn.

22.01.2019, 16:26:19

© Pexels

Dat war de Sujet vum enger Parlamentarescher Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen un d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. A senger éischter Fro wollt hie wëssen, wéi sech de Verbrauch vum Drénkwaasser an de leschte 5 Joer entwéckelt huet. Tëscht 2005 an 2015 hätt sech de spezifesche pro Kapp-Verbrauch däitlech reduzéiert, obwuel de Wuesstem zënter 2010 ëm gutt 100.000 Persounen eropgaangen ass.

Waasserverbrauch ass erofgaangen

De spezifesche Waasserverbrauch huet sech da mat enger Hausse vun 2% bis haut stabiliséiert. Konkret an Zuelen ausgedréckt ass de pro Kapp-Verbrauch vun 236 Liter pro Dag awer op 202 Liter erofgaangen. Grënn fir dëse Réckgang sinn der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg no engersäits d'Hausse vu waasserspuerende Maschinnen, anerersäits awer och d'Upassung vum Waasserpräis.

Nei SEBES-Anlag gëtt 2021 a Betrib geholl

Dann ass et och ëm d'Reserven hei zu Lëtzebuerg gaangen. D'Carole Dieschbourg schwätzt vun enger maximaler Produktiounscapacitéit vun 177.600 m3 den Dag. Wärend de waarmen Deeg am Summer läit de Spëtzeverbrauch da bei 161.000 m3 den Dag. Dëse gëtt dann duerch Noutbuerunge vum SEBES ofgedeckt.

Konkret Mesuren ausschaffen an nei Ressourcen notzen

De Klimawandel wäert natierlech en Afloss op d'Ressourcen hunn, ma aktuell kéint een d'Konsequenzen awer nach net genee definéieren. Et ass och scho mi laang bekannt, datt zu Eschduerf eng nei SEBES-Anlag gebaut gëtt, fir d'Capacitéit vun 2021 un erhéijen ze kënnen. Ma et mussen och aner Mesure geholl ginn, déi hëllefen, d'Waasser effikass aspueren ze kënnen.

Bis ewell huet d'Regierung da ronn 90% vun den Drénkwaasserressourcen duerch Reglementer schütze gelooss, bis d'Fréijoer 2019 sollen nei Iddien ausgeschafft ginn, fir zousätzlech Ressourcen notzen ze kënnen. Ma och selwer kann een eppes dofir maachen. Et soll ee spuersam mam Waasser ëmgoen, et net verschwenden a sech sengem Waasserverbrauch bewosst ginn.

Lauschtert hei de komplette Reportage

Links