Mogelpackung 2018"Chipsletten" vu Lorenz

D'Chipsletten vu Lorenz sinn d'Mogelpackung vum Joer. D'Hamburger Verbraucherzentrale hat d'Leit dobaussen ofstëmme gelooss.

Leschten Update: 22.01.2019, 20:27:45

© pexels.com

Via Online-Ëmfro hu Verbraucherschützer an Däitschland déi sou genannte Mogelpackung vum Joer ermëttelt. D’Verbraucherzentrale vun Hamburg huet eegenen Aussoen no d’lescht Joer ronn 2.000 Indicen op Mogelpackunge kritt. Aus deene goufe 5 Kandidaten ausgesicht, iwwert déi een dann ofstëmme konnt.

Déi sou genannte Mogelpackung vum Joer sinn d’Chipslette vun der Mark Lorenz. Bei der Online-Ëmfro vun der Verbraucherzentrale Hamburg hu mat 58,7 Prozent méi wéi d’Halschent vun de bal 40.000 Leit déi matgemaach hunn, fir dëse Produit gestëmmt.

D'Entreprise soll deemno d’Quantitéit vun de Chipsen an engem Pak d’lescht Joer vun 170 op 100 Gramm reduzéiert hunn. D’Chipse goufen ënnert dem Stréch bis zu 70 Prozent méi deier. Déi nei Chips-Këscht ass de Konsumenteschützer awer kaum méi kleng wéi di al an huet zousätzlech ee sou genannte Serving Tray an eng Frischhaltefolie. D'Verbraucherzentrale kritiséiert, datt ee manner Chipsen, awer bezunn op de Contenu, méi Knascht fir seng Sue kritt.

Mä och aner Produiten, déi nominéiert waren, si richteg Mogelpackungen. Nominéiert nierft de Chipslette waren och d’Smarties vun Nestlé. D’Entreprise soll d’Quantitéit vun de Smarties bannent 4 Joer ëm 40 Gramm reduzéiert hunn. 34 Smarties hunn d’lescht Joer am Verglach zu 2014 gefeelt, seet d'Verbraucherzentrale. Ënnert dem Stréch entsprécht dat enger Präis-Hausse vu ronn 30 Prozent.

Am Netz vu Mini Baby Bel vun der Mark Bel wieren da bei villen Händler nëmmen nach 5 Kéis-Kugelen amplaz vu 6 dra gewiescht. D’Quantitéit huet sech doduerch vun 120 op 100 Gramm reduzéiert. Trotzdeem gëtt de Snack fir de selwechte Präis verkaf. Dat entsprécht enger Präis-Erhéijung vu ronn 17 Prozent, kritiséiert déi däitsch Verbraucherzentrale.

Och eng Zoossiss vu Lidl (Truthahnsalami vun Dulano) wéi och ee Gebeess vu Grafschafter (Obstwiese) stoungen op der Ofstëmmungslëscht. D’Salami hat de Verbraucherschützer no net manner fett wéi di normal Variant, obwuel dat um Pak steet. Allerdéngs wier se och méi deier. D’Äpelgebees géif dann an engem méi klenge Glas an ënnert engem anerem Numm verkaf gi beim selwechte Präis.

Lauschtert hei d'Reportage am Toun:


Links