nouSavonsNohalteg Seef fir jiddwereen!

D'Zukunft vun eisem Planéit ass och eis Zukunft - dat ass och de Motto vun der Mini-Entreprise nouSavons.

Leschten Update: 31.01.2019, 11:04:02

© Eldoradio

10 Schüler aus dem Lycée Classique vun Dikrech hunn am Summer 2018 d’Mini-Entreprise nouSavons lancéiert. De But ass e Produit, dee mir dagdeeglech benotzen, op eng méi nohalteg Aart a Weis ze produzéieren. E Produit, deen eise Planéit schützt an dësen net weider futti mécht. Erauskomm ass festen Dusch-Gel a Shampoing.

Dës zolidd Seef gëtt a Kollaboratioun mat lokalen artisanale Betriber produzéiert. Et wëll een also fort vum Massekonsum an dem massive Verbrauch u Plastik. Bei ronn 8 Milliounen Tonne Plastik, déi Joer fir Joer an de Mierer landen, ass et e Projet, dee vun Häerz an aus Iwwerzeegung kënnt. Well d’Zukunft vun eisem Planéit ass och eis Zukunft.

© nouSavons


Lauschtert hei den Interview

nouSavons presentéiert Seef, déi vegan an ouni Déiereversich produzéiert gëtt. Op Basis vun natierlechen Uelege ginn aktuell 2 Produite verkaaft. Fir Valentinsdag an Ouschteren si weiderer geplangt.

nouSavons baséiert sech nieft dem lokale Verkaf a Supermarchéë virun allem op den Onlineshop. Hei kann ee bequem bestellen an seng Seef heem geliwwert kréien. Dës solle vun der Quantitéit hier och méi wéi eng normal Fläsch Shampoing enthalen.

Hei kommt dir op de Site
nouSavons op Facebook