Jonk an engagéiertJugendpräis 2019

Fir eng 3. Kéier organiséiert den SNJ de Jugendpräis a rifft kreativ Käpp dozou op hir Projeten nach bis den 31. Januar eranzereechen.

24.01.2019, 12:00:57

© Eldoradio

De Service de la Jeunesse, kuerz SNJ, huet och dëst Joer de Jugendpräis organiséiert. Hei geet et drëm Projeten, déi am Beräich vun der Aarbecht mat Jugendleche kreéiert goufen, ze remuneréieren an hinnen eng Plattform ze bidden.

Fir den diversen Engagementer gerecht ze ginn, ass de Jugendpräis op 6 verschidde Kategorien opgedeelt an deene Projete gesicht ginn:

  • Iwwer d’Grenzen ewech
  • Ee fir deen aneren
  • Digital Liewenswelten
  • Fir eise Planéit
  • Sech wuelfillen
  • Kreativitéit ënnerstëtzen

Eng gewëssen Zilgrupp fir beim Jugendpräis matzemaache gëtt et zwar, d’Critère sinn awer och hei relativ breet gefächert. Esou sprécht de Jugendpräis virun allem Associatiounen oder Organisatiounen, déi am Jugend-Beräich aktiv sinn, un. Ma och Gruppe vu Jugendlechen, déi sech zesummegedoen hunn an e Projet lancéiert hunn, kënne sech qualifizéieren.

Kuckt Iech hei e Video vum Jugendpräis 2017 un!



Bei der Beuerteelung vun de Projete kuckt d’Jury da wéi et heescht virun allem op d’Relevanz, d’Innovatioun, d’Engagement vun de kreative Käpp an d’Auswierkungen déi di eenzel Projeten op d’Communautéit hunn. Am Kader vun engem Gala Dinner um Forum Geesseknäppche ginn d‘Gewënner da mat engem 1000 Euro Check remuneréiert. D’Projeten, déi um Concours deelgeholl hu ginn iwwerdeems alleguerten am Kader vun enger Expositioun presentéiert.


Lauschtert hei de kompletten Interview!


Umelle kann ee sech hei, an dat nach bis den 31. Januar 2019.