Wisou et besser ass plakeg ze schlofen!Ni méi e Pyjama undoen

Fréier hat souwisou ni een e Pyjama an op eemol war en awer an all Kleederschaf. Wéi koum dat?

Leschten Update: 04.02.2019, 05:47:29

© Unsplash

Bis 1500 no Christus war et am Fong eng ganz normal Saach. Dono hunn verschidde Leit vum italieneschen Adel op eemol ugefaange wärend der Nuecht eppes unzedoen an dat huet sech dann iergendwéi och agebiergert. Haut kenne mir dat ganz einfach als Pyjama. Mee wisou ass et besser plakeg ze schlofen?

Et stäerkt d'Bezéiung. Wat ee méi Hautkontakt huet, wat de Kierper méi vum Hormon Oxytocin ausschëtt. An dëst "Kuschelhormon" féiert dozou, dass mir méi frou an eiser Bezéiung sinn an zum Beispill manner streiden.

Ausserdeem kann ee besser schlofen. Fir anzeschlofe geet eis Kierpertemperatur nämlech ëm 1 bis 1,5 Grad erof. Wann ee manner unhuet, gëtt dëse Virgang beschleunegt. Wann eppes dëst Ofkille verhënnert, sicht eise Kierper automatesch nom Feeler, wat dozou féiert, dass mir méi schlecht aschlofe kënnen an an der Nuecht méi oft wakereg ginn.

© Unsplash


A wien hätt et geduecht? Ganz iwwerraschend féiert plakeg schlofen och dozou, dass ee méi Sex huet. Awer wisou?

De Kierper reagéiert vill méi intensiv op all Beréierung an eis Sënner si méi reizbar. Ausserdeem erhéicht sech déi kierperlech an emotional Verbindung tëscht den zwee Betraffenen, wat erëm zu enger méi glécklecher Bezéiung féiert. Wéi et schéngt, bréngt d'plakeg Schlofen also guer keng Reklamatioune mat sech, oder?

An enger Ëmfro si souwuel Männer, wéi och Fraen dozou befrot ginn. Ganz kloer war do d'Resultat bei de Fraen. Dës haten absolut näischt géint d'Ewechloosse vum Pyjama anzewenden. Bei de Männer gouf et och just een negative Punkt. An zwar kloe Verschiddener iwwer d'Onbequemlechkeet vun hirem klénge Kolleg, dee beim plakeg Schlofen do fräi ronderëm hampelt.

Wann dir et bis elo nach ni probéiert hutt, da maacht einfach mol eng Prouf-Woch an decidéiert selwer op dir léiwer sin pijama oder éischter con pijama schlofe wëllt.