Smartphone um NuetsdëschHandy-Wecker schlecht fir d'Gesondheet

De Smartphone huet bei ville Leit de klassesche Wecker ersat. Den Handy ze benotze fir ze erwëschen huet awer och seng Nodeeler...

06.02.2019, 05:46:04

© Pexels

Et ass bei deene meeschte schonn en Automatismus ginn. Virum Aschlofe scrollt een nach op Facebook an Instagram ronderëm. Huet een sech dann endlech  entschloss den Handy bei Säit ze leen, well awer schonn nees no Mëtternuecht ass, bleift just nach eppes ze maachen: De Wecker stellen. An 2019 mécht een dat ebe mat Hëllef vum Smartphone. Mee d’Fro déi sech stellt, soll een dat och? Sou praktesch dat ganzt och ass, aus gesondheetlecher Vue léisst sech driwwer streiden.

De Problem entsteet awer net direkt duerch de Smartphone-Wecker, mee doduerch dass mir ebe virum schlofe goe gären nach eng Zäitchen um Handy ënnerwee sinn. Dat suergt nämlech fir en méi ongesonde Schlof. Dir hutt et villäicht scho selwer gemierkt, et huet ee Problemer beim Aschlofen, wann ee kuerz virdrun nach um Handy war. De Grond nennt sech Melatonin. Dat ass dat Hormon, dat, einfach gesot, fir de Schlof zoustänneg ass. An elo kennt de Smartphone nees an d’Spill: Déi blo Luucht, déi vun elektronesche Bildschiermer ausgestraalt gëtt, suergt dofir dass de Melatonin a seng Funktioun gestéiert ginn. D’Resultater sinn e manner laangen an déiwe Schlof, mee och d’Verdauung a souguer de generellen Hormonhaushalt kennen drënner leiden.

Wann een dann eng Kéier ageschlof ass, sinn et d’Pop-Up-Noriichten um Display déi de Schlof ënnerbrieche kennen. Mee souguer wann den Handy aus oder am sougenannte Schlof-Modus ass, kennen ëmmer nach negativ mental Effekter op ee wierken. Dat Gefill kuerz den Handy checken ze musse kennt ee jo. Leit de Smartphone beim Schlofen nieft engem kann d’Gehir ni wierklech zur Rou kommen. Vum Schlof bleift net méi vill iwwreg.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Hëllefe kann op der enger Säit den Nuecht-Modus, deen all moderne Smartphone huet. Hei gëtt déi blo Luucht erausgefiltert, sou dass nëmme méi waarm Faarwen um Display bleiwen. Et kann een awer natierlech och probéieren nuets eng Handy-fräi Zone aus der Schlofkummer ze maachen. E Buch virum schlofe goe wierkt zum Beispill Wonner an äre Kierper seet iech Merci!

 

Links