Och eleng kanns de e coolen Dag hunn!Vältesdag eleng? Kee Problem

Vältesdag eleng ze verbrénge kléngt ufanks net immens. Mee dat muss awer guer net esou traureg sinn, wéi ee sech dat virstellt.

Leschten Update: 07.02.2019, 08:17:40

© www.pexels.com

Fir dass du däin Dag trotzdeem och als Single kanns genéissen, hunn ech elo puer Tipps fir dech.

Tipp 1:

Verwinn dech selwer! Ob elo eng gutt waarm Bidde mat vill Schaum an enger klenger gieler Int, e Filmowend, wou s de esouvill iesse kanns wéis de wëlls oder erausgoen a villäicht een oder eent kenneléieren, dat Vältesdag och eleng verbréngt. Et gi vill Méiglechkeete wéis de och op dësem Dag gutt Laun behäls.

Tipp 2:

Probéier eppes Neies aus. Zwar kanns de dech och ganz normal mat Kollegen treffen, an de Kino goen oder soss iergendeppes Pupeges maachen. Mee et wier dach vill méi cool, en neit Hobby unzefänken, dat dech schonn ëmmer intresséiert huet, mee fir dat s de nach ni wierklech Zäit oder Iwwerwannung fonnt hues. Dat kann eng Sportaart sinn, en Danzcours, en DIY-Projet, deen ee vun doheem aus starte kann oder campe goen.

© Unsplash

Tipp 3:

Beschenk dech selwer! Wann et eppes gëtt wat s de schonn ëmmer emol wollts, mee wou s de dir geduecht hues, dass et awer villäicht ze deier ass oder dass de et net brauchs, egal! Kaf dir et einfach. Du hues et nämlech verdéngt. Ausserdeem gëtt et net vill wat ee méi frou mécht wéi wann ee sech selwer e Wonsch erfëllt.

Tipp 4:

Kuck einfach dass de fort kënns. Verreese mécht ëmmer Spaass. Dat muss mol net onbedéngt eleng sinn, mee kann och mat Kollege sinn. Haaptsaach du kënns dengem Alldag aus de Féiss a schalts richteg of, ouni un de ganze Bezéiungszodi ze denken. Wisou nei Leit kenne léiere wann een och nei Stied a Länner kenneléiere kann.