Eng Ännerung vum SystemLëtzebuerg muss méi a Saache Plastiksoffall maachen

Manner Plastiksverpackungen – dat ass d'Fuerderung vun enger Petitioun, déi de Mëttwoch de Mueren an der Chamber diskutéiert ginn ass.

Leschten Update: 06.02.2019, 17:03:48

© Daniel LEAL-OLIVAS / AFP

De Petitionnaire huet dobäi op den iwwerdriwwene Gebrauch vun Emballagen aus Plastik higewisen a gefuerdert, deen ze reduzéieren. Bei engem ëffentlechen Debat iwwer eng Petitioun geet et jo drëms, dës mat de concernéierten Deputéierten an de Ministeren ze diskutéieren. Dat heescht awer net, dass d'Fuerderung duerno ëmgesat gëtt, ma d'Regierung muss hir Meenung dozou äusseren. An déi huet de Ben Eich sech ugelauschtert.

Vill Verpackunge si komplett iwwerflësseg

De Petitionnaire Philippe Paul huet virop d'Beispill vu Geméis an de Supermarchéë ginn, dat agepaakt ass, obwuel et u sech guer keng Verpackung bräicht. Dobäi ass d'Kritik och un d'Distributeure gaangen, déi de Komfort vum Client dem Schutz vun der Ëmwelt géife virzéien. Plastiksoffall géif esou ee vun de Gréisste Problemer fir d'Ëmwelt duerstellen, sot d'Valeria Ortiz-Palafox, déi de Petitionnaire begleet huet.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Ambitiéis Ziler ginn net wäit genuch

Och wa Lëtzebuerg sech a sengem Plang fir d'Reduktioun vun Offall an der Economie Circulaire bis 2022 Ziler gesat hätt, misst een nach méi maachen, do huet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg de Petitionnaire Recht ginn. De Verbuet vun e puer Produiten aus Plastik wier nëmmen en Ufank a géif de Basisproblem net léisen.

Och biologesch ofbaubare Plastik wier keng Léisung, esou d'Ministesch weider.

Ma effektiv géif ee jo scho vill maachen. Do wier z.B. d'EcoBox, déi bis ewell 64 Restaurante benotzen. En ähnleche System vu Këschten, déi ee méi dacks ka fir säin Iesse benotze soll dann och an de Supermarchéen ausprobéiert ginn.

Regierung, Geschäftsleit, Produzenten a Clienten an e Boot huelen

Dat selwecht gëllt fir e Pilotprojet am Summer mat Stoffsäck fir Uebst a Geméis amplaz biodegradabel Tuten. Donieft goufen d'Petitionnairen invitéiert an engem Aarbechtsgrupp mat u Léisungen ze schaffen. An och ënnert den Deputéierte vun der Chamberkommissioun war een sech allgemeng eens, dass méi um politeschen Niveau géint de Plastiksoffall misst gemaach ginn.

Links