Haass-LéiftWéi vill Sträit an enger Bezéiung ass ok?

Ausernanersetzunge mam Partner komme vir, mol méi, mol manner. Ma wéi vill Sträit ass normal a wéini gëtt et ze vill?!

08.02.2019, 06:00:52

© Pexels

Iwwer Suen, d’Schwéierelteren oder Jalousie – Als Koppel kann een iwwer esou zimlech alles streiden. Virun allem wann een zesummewunnt, kann een den Ausernanersetzungen net méi esou gutt aus dem Wee goen. Mee wéi vill Sträit ass ok a wéini gëtt et ze vill fir eng gesond Bezéiung ze féieren?

Fir d’alleréischt muss ee wëssen: Sträit ass net ëmmer eppes Schlechtes! Wien ni mam Partner unenee geréit, dee riet sech villäicht selwer an datt alles harmonesch ass, ma zimlech sécher ginn hei Problemer oder Wënsch einfach ënnerdréckt. Meenungen auszetauschen an ze diskutéieren, jo souguer mol d’Stëmm ze hiewen, dat ass befreient. An no der Ausernanersetzung ass ee sech dacks méi no wéi virdrun. Bestëmme Streidereien allerdéngs d’Bezéiung gëtt et schwiereg.

Wéi vill Sträit enger Partnerschaft schued hänkt deemno dovun of wéi ee streit. Geet et bei den Ausernanersetzungen ëm reng Muecht-Spiller oder gëtt konstruktiv Kritik ausgeüübt? A virun allem wat geschitt duerno, bleift de Sträit am ongekläert am Raum stoen oder zitt een eng Léier draus?

Profitéiert dir vum Sträit andeems doduerch Konflikter gekläert an d’Zesummeliewe verbessert gëtt, kënnt iech roueg méi dacks an d’Hoer kréien. Erfëllen dës allerdéngs just dem Zweck iech géigesäiteg ze verletzen, da gi schonn e puer Ausernanersetzungen duer fir d’Léift ze killen. Richteg streide wëll also geléiert sinn.